An der Stad war um Virowend natierlech eng méi lass. De Fakelzuch an d'Freedefeier hu wéi all Joer vill Leit an d'Haaptstad gelackelt. Andréck!

Déi offiziell Festivitéite fir Nationalfeierdag hunn um Freideg de Mëtteg um 16 Auer ugefaangen, mat der Relève vun der Garde virum Palais.

VIDEO: “Relève de la Garde” virum Palais
D’Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag sinn e Freideg ugaangen. Den offiziellen Optakt war um 16 Auer mat der “Relève de la Garde” - Ambiance-Biller.

Géint 21.30 Auer huet an der Stad de Fakelzuch ugefaangen, ier et géint 23 Auer zum grousse Freedefeier koum, fir dat sech nees zegdausende Leit um Boulevard Roosevelt afonnt haten.

© Val Wagner

Mat Musek a gudder Stëmmung goung et du bis spéit an d’Nuecht weider.

© Paul Theisen

VIDEO: Virowend-Nationalfeierdag: Gutt Stëmmung bei Festivitéiten
De Fakelzuch, d’Freedefeier an déi sëlleche Concerte stounge wéi all Joers am Mëttelpunkt vun de Stater Festivitéiten um Virowend vun Nationalfeierdag.