Duerch déi nei Zeechen op der Strooss wëllen d'Ponts et Chaussées de Motocyclisten hëllefen, déi optimal Trajectoire an de Kéieren ze huelen.

Fir datt d'Motocycliste sécher duerch eng Kéier kommen - also net ze no um Mëttelstréch fueren, wou se dann, wa se sech e bëssen op eng Säit leeën, op der Géigespur sinn, an och net riskéieren, um Wupp vun enger Kéier draus erauszefléien.

D'Ponts et Chaussées reagéieren domat op déi uerg Motorradsaccidenter, déi et ewell dëst Joer gouf.

Op der geféierlecher Streck Kautebaach-Wolz gëtt dofir elo an enger Testphas an de Kéieren eng speziell Markéierung opgezeechent, déi déi richteg Trajectoire virgëtt.

Natierlech ass Sënn an Zweck dovun, laanscht déi nei Markéierungen ze fueren!

Iddi aus Éisträich: Rau Uewerfläch

Well sech awer direkt ganz vill Suergen - och an de Comments op RTL.lu - gemaach goufen, déi Markéierunge kéinten en zousätzleche Sécherheetsrisiko duerstellen, well se kéinte glat sinn oder ginn, hu mir bei de Ponts et Chaussées nogefrot a krute confirméiert, datt er sech ëm Anti-Rutsch-Beläg handelt, offiziell schwätzt ee vu Beläg mat enger héijer Rugositéit, se sinn also ganz rau.

D'Iddi kënnt aus Éisträich, wou de "Kuratorium für Verkehrssicherheit" déi Strécher ënnert anerem erfollegräich um Großglockner getest huet - hei en Zitat aus dem Summer 2017:

Aufgrund neuester Forschungsergebnisse werden auf der Großglockner Hochalpenstraße ab sofort ellipsenförmige Bodenmarkierungen getestet. Analysen des Kuratoriums für Verkehrssicherheit (KFV) haben ergeben, dass viele Motorradunfälle auf Bergstrecken dadurch entstehen, weil Motorradfahrer dazu neigen die Kurven zu schneiden und in der Folge mit dem Gegenverkehr kollidieren bzw. bei Ausweichmanövern dadurch zu Sturz kommen. In relativ unübersichtlichen Linkskurven werden nun auch an der Großglockner Hochalpenstraße im Zuge einer Versuchsstrecke ellipsenförmige Bodenmarkierungen in verschiedenen Größen angebracht, die mehr Aufmerksamkeit für den Lenker und dadurch mehr Sicherheit bewirken sollen. Gemeinsam mit dem KFV wurden nun 6 Kurven im Bereich der Straße ausgewählt, die als weitere Teststrecken für mehr Motorradsicherheit fungieren.

Et geet also drëms, datt d'Motocyclisten sech méi an der Mëtt vun hirer Spur ophalen an Distanz zur Mëttel-Linn vun der Strooss behalen, dat besonnesch a Kéieren.

© Service Information Presse

D'Marquage-Aarbechten dauere viraussiichtlech bis e Mëttwoch - wärend där Zäit ass d'N25 tëscht Wolz a Kautebaach gespaart - just Busser dierfen zirkuléieren.

De Marquage gëtt an Ofsprooch mat der Police a mam CFC, dem Centre de formation pour conducteurs, zu Colmar-Bierg gemaach an och d'MottoUnioun Lëtzebuerg ënnerstëtzt déi Initiativ.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Domingos Oliveira

Offizielle Communiqué

Mise en place d'un nouveau marquage spécial pour motocyclistes sur la N25 (25.06.2018)

Communiqué par: Administration des ponts et chaussées

L'Administration des ponts et chaussées procède actuellement à des travaux de marquage relatifs à la mise en place d'un nouveau type de marquage, le «Marquage spécial pour motocyclistes». Ce marquage additionnel aide et guide les motocyclistes dans les virages, afin qu'ils gardent plus de distance par rapport à la ligne médiane et en conséquence à utiliser plus le milieu de leur voie, ce qui rend leur conduite moins dangereuse.

Pendant les travaux de marquage, qui ont commencé aujourd'hui et qui dureront jusqu'au mercredi 27 juin inclus, la route nationale N25 est barrée au trafic entre Wiltz et Kautenbach dans les deux sens, sauf pour les autobus de ligne. Une déviation est mise en place.