E Freideg hat d'Foire Agricole zu Ettelbréck hir Dieren opgemaach. Bis e Sonndeg konnt een do villes ronderëm d'Agrikultur gesinn.

AUDIO: Positive Bilan vun der Foire Agricole

No den 3 Deeg hunn d'Organisateuren e ganz positive Bilan gezunn. Knapp 37.000 Leit haten zanter e Freideg de Wee an d'Däichwisen op d'Foire Agricole fonnt. Et ass gelongen d'Leit fir d'Landwirtschaft ze begeeschteren an och d'Kanner konnten erliewen, wat Landwirtschaft ass.

Um Sonndeg de Moien da war och de Grand-Duc Henri zu Ettelbréck, fir sech vun der grousser Foire perséinlech e Bild ze maachen.

© Henri Schwirtz / RTL

AUDIO: Reaktioune vun der Foire Agricole (2)

Während de leschten Deeg gouf et deels Problemer mam Trafic zu Ettelbréck. Um Sonndeg de Moien hat d'Police matgedeelt, datt et ronderëm Ettelbréck gréisser Verkéiersproblemer wéinst der Foire Agricole gouf. Scho kuerz no 10 Auer waren d'Parkplazen direkt an der Géigend vun den Däichwise komplett besat, dofir gouf de Leit geroden, si sollen op déi ausgeschëldert Park and Riden auswäichen.

Vill Leit a gutt Stëmmung op der Foire Agricole

Et ass déi gréisste baussescht Foire zu Lëtzebuerg: D'Foire Agricole, déi e Freideg de Mëtteg zu Ettelbréck hir Dieren opgemaach huet.
Alles wat sech ronderëm d’Landwirtschaft dréint de Leit méi no ze bréngen, dat ass d'Zil vun der Foire Agricole. Vun e Freideg bis e Sonndeg war déi 36. Editioun zu Ettelbréck an den Däichwisen. Am Mëttelpunkt vun der Foire stoung dëst Joer ënnert anerem den 30. Anniversaire vun der Biolandwirtschaft esou wéi d’Promotioun vun de Lëtzebuerger Bëscher an dem Holz. Eng 300 Exposante waren dëst Joer dobäi, dat goung vun de Fleeschproduzenten, déi hir Déieren ausgestallt hunn, iwwert Informatioun- a Verkafsstänn vu lokale Produkter, Virféierunge mat Päerd a Kutschen, bis hin zu landwirtschaftleche Maschinnen.

Foire Agricole: Bëscher an Holz méi valoriséieren
Am Mëttelpunkt vun der Foire stinn dëst Joer ënnert anerem den 30. Anniversaire vun der Biolandwirtschaft esou wéi d’Promotioun vun de Lëtzebuerger Bëscher.

D'Lëtzebuerger Bëscher an d’Holz sollen nach méi valoriséiert ginn. Aktuell maachen d'Lëtzebuerger Bëscher ronn een Drëttel vun der Landesfläch aus a sinn ee vun de wichtegste Liewensraim fir d’Déieren.

Op der Foire gouf d’Holz an all senge Facette presentéiert an et gouf gewisen ewéi d'Holz ka verwäert ginn. An deem Kontext goufen dann och Ateliere fir d’Kanner ugebueden. Vun engem 12 Meter héijen Holztuerm kruten d'Leit iwwregens eng exklusiv Vue iwwert déi ganz Foire gebueden. 90 Meterkibb Holz goufe verschafft. Den Tuerm gëtt méi spéit an engem Naturschutzgebitt nees opgeriicht. 1988 hu sech d’Lëtzebuerger Biobetriber zesumme gedoen, fir de Biomodell nach besser virun ze bréngen. An de leschten 30 Joer gouf vill sensibiliséiert an Iwwerzeegungsaarbecht geleescht. 

D’Biogenossenschaft huet och déi lokal Produiten de Leit méi no bruecht, ewéi ënnert anerem Glacen, Jughurt a Kéis.

AUDIO: Reaktioune vun der Foire Agricole (1)

© Frank Elsen / RTL Radio Lëtzebuerg

Bio-Agrar-Präis 2018

Fir déi 10 Kéier gouf um Sonndeg um Bord vun der Foire Agricole de "Bio-Agrar-Präis" iwwerreecht. Dëse kréie Persounen, Organisatiounen a Betriber fir speziell Leeschtungen an der biologescher Landwirtschaft. De Präis ass mat 4.000 Euro dotéiert. De Juryspräis goung un "Naturata Resto et Café" zu Mënsbech an de Publikumspräis un de Bio-Restaurant "Casa Fabiana" an der Stad.

© MAVPC

Offiziellt Schreiwes:

Dixième remise du « Bio-Agrar-Präis »

Communiqué par: ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs / Administration des services techniques de l'agriculture

 

Le 1er juillet 2018, en présence de nombreux invités, Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs, a remis le « Prix du Jury » du « Bio-Agrar-Präis » à „Naturata Resto & Café“ de Munsbach. Le « Prix du Public » du «Bio-Agrar-Präis» a été décerné à « Casa Fabiana » de Luxembourg-Ville.

Dans son discours, Monsieur Etgen a rendu hommage  les efforts de Naturata d’offrir aussi à leur clientèle des plats et boissons biologiques certifiés au sein de leur restaurant et de leurs cafétérias.

En outre, M. Etgen a honoré l’initiative de Madame Fabiana Bartolozzi, d’ouvrir un restaurant biologique dans le quartier de la gare à Luxembourg-Ville.

Cette année, et pour la deuxième fois, ce prix est scindé en la remise d'un "Prix du Public" en plus de l’usuel "Prix du Jury". Afin de choisir le lauréat du « Prix du Jury », un jury, composé de dix membres issus de milieux différents, a analysé les dossiers de candidature. Le gagnant du « Prix du Public » a été sélectionné par le public lors de la Foire Agricole à Ettelbruck.

Le « Bio-Agrar-Präis », décerné pour la première fois en 2009, vise à récompenser des mérites dans l’agriculture biologique. Ce prix, doté de 4000 €, est destiné aux personnes, organisations et entreprises actives dans le secteur de l’agriculture biologique (production, transformation, commerce, recherche, ONG,…) ou ayant apporté un appui particulier à l’agriculture biologique au Luxembourg.

Le prix s’inscrit dans le cadre du plan d’action national de la promotion de l’agriculture biologique, dont le but est de soutenir activement le développement de l’agriculture biologique au Luxembourg. Le financement de projets de recherche divers ainsi que le réseau de fermes de démonstration sont d’autres actions de l’année en cours.