Um Sonndeg haten déi Konservativ op eng Pressekonferenz invitéiert, wou souwuel de Slogan fir d'Walen, wéi och d'Spëtzekandidate presentéiert goufen.

Mat enger Lëscht am Süde wäerten déi Konservativ bei de Chamberwalen untrieden, déi vum Mario May an dem Joe Thein als Spëtzekandidaten ugefouert gëtt.

De Slogan vun der nach jonker Partei fir dës Walen ass "Méi Demokratie a Fräiheet fir Lëtzebuerg".

VIDEO: Déi Konservativ: Slogan a Spëtzekandidate fir Wale
Um Sonndeg de Moien huet de President vun "Déi Konservativ" déi zwee Spëtzekandidate vun der Partei am Süde presentéiert.

Déi komplett Lëscht wëll d'Partei zu engem méi spéiden Zäitpunkt presentéieren.