Fir am Equiliber ze bleiwen, bräicht de Pensiounssystem am Joer 2060 Cotisatiounen an Héicht vun 42 Prozent amplaz vun aktuell 24.

Dat geet aus dem Rapport vum Aarbechtsgrupp iwwert d’Nohaltegkeet vun de Pensiounen ervir, deen RTL virläit.

AUDIO: CNAP Pensiounen / Reportage François Aulner

Fir en am Equiliber ze halen, bräicht de Pensiounssystem am Joer 2060 Cotisatiounen an Héicht vu 42% vun der Lounmass. Virun zwee Joer war een nach vun 37% ausgaangen. Déi Zuele ginn aus dem Rapport vum Aarbechtsgrupp iwwert d’Pensioun ervir, deen ons virläit. Dës liicht negativ Evolutioun ass dorobber zeréckzeféieren, datt d’Zuel un aktiven Assuréen no ënne revidéiert ginn ass, iwwerdeems d’Zuel un Pensioune quasi d’selwecht projezéiert gëtt.

Projektiounen op esou laanger Dauer si mat Virsiicht ze genéissen, reagéiert den neie President vun der Pensiounskeess Fernand Lepage géigeniwwer RTL. Allerdings wier et „net fir sech ze verstoppen“.

Am Moment bräicht ee just 22 Prozent Cotisatiounen, bedéngt virun allem duerch den aussergewéinleche wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem vun de leschte Joren. Vun engem „Madoff-System“, wéi de fréiere Chef vun der Pensiounskeess Robert Kieffer virun 3 Joer geschwat hat, wëll de Fernand Lepage am RTL-Interview net schwätzen. Fir hie wier dat en „Alarmsignal“ deemools gewiescht.

Optiounen

An den 80er Joren war d’Problematik genee déi selwecht wéi haut, erënnert sech de Fernand Lepage. Deemools wieren d’Sozialpartner bereet gewiescht, op de Wee vun 30 Prozent Cotisatiounen ze goen (10 fir d’Employeuren, 10 fir d’Assuréen an 10 fir de Staat), mä et gouf decidéiert, ob Wuesstem ze setzen. Dat hätt geklappt an et hätt ee 40 Joere gewonnen.

Wéilt ee méi onofhängeg vun neien Aarbechtsplaze ginn, kann een de Pensiounsalter oder d’Cotisatioune an d’Luucht schrauwen. Mä fir de Fernand Lepage ginn et vill aner Optioune fir d’Pensiouns-Formel z’adaptéieren. Beispillsweis um Niveau vun der Allocation de fin d’année, d’virgezunne Pensiounen oder nach d'Majoratiounen.

Alles Optiounen, wou d‘Politik hir Responsabilitéite muss huelen. Schwiereg Decisiounen, well am Moment d’Situatioun gutt ass, mat engem Excédent vu ronn enger Milliard Euro d’lescht Joer a Rentereserve an Héicht vu bal 19 Milliarden Euro. Opgrond vun de gudden Zuelen am Moment hat de fréiere President vun der CNAP Robert Kieffer viru 7 Joer am Forum, vun enger „onméiglecher Reform“ geschwat.

Op Säite vun der Pensiounskees geet een op jidder Fall vu méi Aarbecht déi nächst Joeren aus, well d’Zuel vu Renten an d’Luucht geet, dorënner déi fir Expats oder Frontalieren.

Vill Variabelen a vill Froen

Weider Froen, op déi d‘Lëtzebuerger Gesellschaft nach ëmmer muss Äntwerte fannen, sinn, wéi de Rapport vum Aarbechtsgrupp Pensioune schreift. Den Impakt vun der Robotiséierung a vun der Digitaliséierung op d’Produktivitéit respektiv op den Emploi.

D'Iwwerleeungen ëm de Pensiounssystem a seng staark Ofhängegkeet vun de Cotisante missten awer och begleet ginn vun der Diskussioun ëm den Zitat „qualitativen a intelligente“ Wuesstem, deen net gourmangzeg wier vun neien Aarbechtsplazen oder d’Ëmwelt géing opbrauchen.

Festgehale gëtt am Rapport, datt Produktivitéitsgewënner déi ganz oder deelweis a mat Lounausgläich op eng Aarbechtszäitverkierzung géingen affektéiert ginn, Null Impakt op d'Finanzéierung vum Pensiounssystem hätten.

AUDIO: Interview vum Francois Aulner mam Fernand Lepage