An eisem Spezial-Reportage gesi mer, wéi ee mam Patrimoine vu fréier soll ëmgoen a wéi eng Deeler vun eiser Geschicht a Gefor oder scho verluer sinn.

An Zäite, wou d'Entwécklung, d'Wuesse vum Land ee vun den Haaptthemen ass (grad an Zäite vu Walen), sinn historesch Plazen an Haiser, Gréngflächen, Bëscher, also eise Patrimoine, net onbedéngt eng Prioritéit.

Ignoréieren oder vergiesse soll een dës Zeien aus eiser Vergaangenheet awer op kee Fall, well se en Deel si vun eiser Geschicht an der Geschicht vu Lëtzebuerg. An eisem Spezial-Reportage gesi mer, wéi een haut mam Patrimoine vu fréier soll ëmgoen a wéi eng Deeler vun eiser Geschicht a Gefor oder scho verluer sinn.

1. Diffusioun den 11. Juli 2018, Rediffusioun de 17. Oktober 2018.