Animéiert Debatt tëscht Gast Gibéryen a Marc Baum
Et war eng ganz animéiert Debatt e Mëttwoch den Owend am politeschen Interview tëscht dem Marc Baum vun Déi Lénk an dem Gast Gibéryen vun der ADR.
Béid Parteie sinn op entgéint gesate Säite vum politesche Spektrum. Rezente Sondagen no géingen allebéid am Hierscht gestäerkt aus de Walen ervirgoen. Déi Lenk kréichen ee Sëtz am Süde bäi, kéimen op 3 Vertrieder, d'ADR kritt hire Sëtz am Osten zréck a kritt een am Zentrum bäi, domadder nees Fraktiounsstäerkt.
Déi Lénk géingen zanter Jore modest, mee relativ konstant bäi gewannen an dat well een e Projet géing entwéckele fir eng aner Gesellschaft den och besonnesch vill Jonker uschwätzt. Sou erkläert sech de Marc Baum vun déi Lénk dësen Trend. Donieft wären dëst Joer vill méi Eischt-Wieler derbäi wéi déi Joren virdrun.
D'ADR hätt schonn eemol gutt Score an de Sondagë gemaach, déi sech dunn awer net bei de Walen erëm gespigelt hunn. Dofir géing een den 14. Oktober ofwaarden. Dem Gast Gibéryen no wär seng Partei déi eenzeg an der Chamber déi sech ëm verschidde Problemer bekëmmert an eng kloer Linn vertrëtt, ganz besonnesch vis-à-vis vun enger CSV. Sief d'Sprooch, d'Identitéit an d'Lëtzebuerger Vergaangenheet. An fir vill Leit wär d'ADR dofir eng richteg Alternativ, fir e Wiessel vun der Gambia-Politik ewech.
De Wuesstem, d'Lëtzebuerger Sprooch, Pensiounen, Aarmutsrisiko a Logement waren och Themen, déi ugeschwat goufen an natierlech fir een hëtzegen Debat tëscht de Vertrieder vu béide Parteie gesuergt hunn. Ma och d'Fro vun den Regierungskoalitiounen huet fir gréisser Diskussioune gesuergt.
De Marc Baum huet kloer gestallt, dass déi Lénk net dat 4. Rad um Gambia-Won sinn an, dass ee just kéint eng Koalitioun mat enger Partei geet mat där ee sech programmatesch eens ass.
An engem demokrateschen Staat decidéieren d'Wieler, seet de Gast Gibéryen an wonnert sech dofir, dass d'CSV schonn am Virfeld géing soen si wéilten net mat der ADR an eng Koalitioun goen, well dat géing heeschen schonn am Virfeld ze soen, dass een de Wëllen vum Wieler net géing respektéieren. Wann d'ADR nämlech géing gestäerkt ginn, "dann kënnt eng CSV net derlaanscht fir eis mussen, net wëllen, mee mussen matzehuelen", sou de Gast Gibéryen.