Jonker an der Roll vun UN-Diplomaten
Am Kader vum Projet "Luxmun" – Luxembourg Model United Nations – hu Jonker tëscht 15 an 23 Joer während 3 Deeg d’Roll vun UN-Diplomaten iwwerholl.
E Sonndeg haten déi 150 Participanten dann d’Méiglechkeet, an enger simuléierter UN-Generalversammlung ze presentéieren, wourunner si déi lescht Deeg geschafft hunn.
Et war e groussen Dag fir d’Participanten vum Luxmun. A Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume konnten déi Jonk hir Resolutioune virstellen, genee sou wéi an enger richteger UNO-Generalversammlung. Nëmmen 2 Deeg hate se Zäit, fir hir Texter auszeschaffen. Et gouf vill diskutéiert a verhandelt, mee si hätten et schlussendlech gutt hikritt, seet de Sebastian von Kunitzki, President vun der Generalversammlung.
150 Jonker, dovunner 70 aus dem Ausland, hu bei dëser UNO-Simulatioun matgemaach. Si all hunn als Delegéierter ee Land a seng Meenung vertrueden. D’Zil ass et, de Jonken d’Politik méi no ze bréngen an ze verstoen, wéi d’UNO an aner grouss Organisatioune funktionéieren.
Am Kader vun den Debatten an de verschiddenen Aarbechtsgruppen, sinn d’Participanten och mat aktuelle Problemer konfrontéiert ginn. Si all hu verschidden Themen, déi hinne besonnesch um Häerz leien: d’Flüchtlingskris, de Biergerkrich am Yemen, d’Ëmwelt oder och Mënscherechter.
Ma och a schwieregen Zäiten, wou déi Vereent Natiounen net méi ganz esou vereent wierken, gleewen dës Schüler a Studente weiderhin un d’UNO. Et dierft een d’Welt net auserneebrieche loossen, erkläert de Sebastian von Kunitzki, et misst een zesummeschaffen, fir déi grouss aktuell Problemer ze léisen.