"Ech halen net vill vun "Transparency International", sou reagéiert d'Viviane Reding en Donneschdeg am RTL-Interview op de rezente Rapport vun der ONG.

Am ONG-Rapport gouf public gemaach wéi vill EU-Parlamentaier niewelaanscht verdéngen an den Numm Viviane Reding war zimlech vir an der Lëscht ze fannen. Tëscht ronn 100 an 500.000 Euro soll si an hirem aktuelle Mandat verdéngt hunn. Si steet op der Plaz 29 am Ranking.

AUDIO: Reding vs Transparency / Reportage Claudia Kollwelter

Aus dem Rapport geet ervir, datt d'Viviane Reding ënnert anerem am Conseil vun der Bertelsmann Stëftung sëtzt. D'Stëftung ass am EU-Lobby-Regëster, wat zu Interessekonflikter féiere kéint betount den Daniel Freund vun Transparency International.

Et wier der ONG awer och kloer, datt just wann ee vun enger Organisatioun bezuelt gëtt, déi am Lobby-Regëster steet, een net forcément selwer do Lobbying bedreift, och wann de Risk awer grouss wier. Fir d'CSV-Politikerin sinn dëst falsch Informatiounen. Si wier zanter 4 Joer dran an zanter 4 Joer géif et Kritike ginn, well Bertelsmann fir lénksgeriichte Leit e rout Duch ass.

Fest steet, datt d'Stëftung Bertelsmann am EU-Transparenzregëster, also dem Lobby-Regëster steet: www.europa.eu/transparencyregister.

Fir d'Viviane Reding ass net ze verstoen, wéi d'ONG zu de Conclusiounen aus hirem Rapport kënnt. D'Politikerin schwätzt an deem Kontext "Trumpismus". Et wier just fir opzefalen an hei géifen einfach Saachen verdréint ginn.

Transparency International schwätzt vu schwéieren Uschëllegunge vu Säite vun der EU-Parlamentarierin. Den Daniel Freund betount, datt et hinnen net drëm goe géing, iergendee perséinlech blouss ze stellen, mä si als ONG dofir suergen wéilten, datt et am Parlament sënnvoll Ethik Reegele géinge ginn an keen Interessekonflikt géif optrieden.