Akut warnt weider viru gesondheetleche Schied duerch Ëmweltgëfter a si wëllen an dëse Vir-Walkampfzäite fir hir Ziler Pressioun op d'Parteie maachen.

Déi nei Menace gesinn an awer och bal traditionell warnen. D'Geforen duerch Ëmweltgëfter laueren iwwerall: am Iessen, a Baumaterialien, a souguer am Plomp fir den Zant. Dofir gëtt d'Organisatioun Akut net midd ëmmer erëm virun de gesondheetleche Schied ze warnen, déi Pestiziden, Elektrosmog a sougenannten hormonaktiv Chemikalië verursaachen. Ma virun allem beim Engagement vum Gesondheetsministère géif et nach Loft no uewe ginn, esou d'Ëmweltassociatioun.

AUDIO: Akut warnt virun Ëmweltgëfter/Reportage Nico Graf
VIDEO: D'Marielle Hilgert um RTL-Mikro
D'Geforen duerch Ëmweltgëfter laueren iwwerall: am Iessen, a Baumaterialien, a souguer am Plomp fir den Zant.