Um Donneschdeg gouf no engem wäiss-groen SUV gesicht, nodeems et op direkt e puer Plaze gebrannt hat. All Info ass fir den 113.
Op direkt e puer Plazen am Norde vum Land hat et en Donneschdeg am spéide Mëtteg respektiv fréien Owend op verschiddene Felder a Wisen gebrannt.
Géint 17 Auer gouf zu Grooljen e Feier gemellt. Quasi ëm déi selwecht Zäit huet et och op engem Feld zu Nidderwampech gebrannt gehat, souwéi op engem Feld tëscht Uewerwampech an Déierbech. Kuerz no18 Auer gouf e Feier op engem Feld tëscht Ierpeldeng a Bruechtebaach gemellt.

© Paul Thines
D'Police geet vu Brandstëftung aus. Kuerz nodeems déi eenzel Feier ausgebrach waren, huet d'Police en Zeienopruff gemaach. Gesicht gëtt no engem wäiss-groen SUV. All Informatioune si fir den 113.

© Domingos Oliveira