Flüchtlingen, Lëtzebuerger an de Kënschtler Raphael Gindt hunn Iddie gesammelt a schlussendlech un en Deel vun de Mauere vum Gebai gesprayt.

Während enger Woch gouf am Foyer Don Bosco um Lampertsbierg e Graffiti-Projet organiséiert.

An Zesummenaarbecht mam Serge Tonnar senger Associatioun "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" gouf dëse Projet realiséiert.

AUDIO: D'Sarah Ketema mat Explikatiounen um RTL-Mikro

Den interkulturelle Projet huet vill Uklang fonnt, och aner Foyere sinn un ähnlechen Iddien interesséiert.