6 Etappen tëscht all Kéiers 25 bis 30 Kilometer sti bis nächsten Donneschdeg um Programm.

Scho Méint am virauser ginn déi eenzel Etappen definéiert. D’Ilona Balogh, Presidentin vum Organisatiounscomité um RTL Mikro:

AUDIO: D’Ilona Balogh, Presidentin vum Organisatiounscomité

Op der éischter Etapp haut goung et vun Hassel op Rëmerschen. E Sonndeg geet et dann aus der Muselstiedchen Direktioun Kanech. 6 Etappe stinn um Programm. All Etapp huet tëscht 25-30 Kilometer.

Gett moies wärend 2 1/2 Stonne geridden, geet et nomëttes nach eemol fir 2 Stonnen op de Suedel. 29 Päerd waren haut um Depart dobäi.