Zu Äischer an der Gemeng Kiischpelt gouf e Sonndeg e Millefest gefeiert, op der "Rackés Millen".

Den Numm huet si vun hirem fréiere Proprietär, der Famill Racké. Dem Willy Racké säi Grousspapp huet 1920 d'Mille kaaft. 90 bis 100 Tonne Miel goufe pro Joer produzéiert.

Mëttlerweil gehéiert d'Waassermillen der Robbesscheier.

AUDIO: De Luc Schrantz vun der Robbesscheier

Verschidden Aktivitéite ginn d'Joer iwwer fir Schoulklassen an Touristen ugebueden.