Op am Ganzen 108 verschiddene Plazen huet déi jonk Sportsproff wärend hirer Rees iwwernuecht.

Riets geet iwwert eng 28 Joer jonk Lëtzebuergerin, déi mam Vëlo vu Marrakesch op Lëtzebuerg gefuer ass.

© Alahe Abrahimia

D’Alahe Abrahimia ass den 2. Abrëll mat enger kanadescher Frëndin a Marokko geflunn, wou déi zwee eng länger Zäit bannent dem Land hin an hir gefuer sinn, éier et weider Richtung Europa goung.

© Alahe Abrahimia

Vu Süd-Spuenien, laanscht d’Küst a Portugal bis an Nordspuenien, dunn a Frankräich, Schwäiz, Däitschland bis op Lëtzebuerg. 3 an en hallwe Mount waren d’Frëndinnen zesummen ënnerwee, dono ass d’Alahe eleng mam Vëlo Richtung Heemecht weidergefuer.

© Alahe Abrahimia

Am Ganzen huet déi jonk Sportsproff 6.800km um Vëlo zréckgeluecht an op 108 verschiddene Plaze geschlof.