"Eng Sozialwunneng fir e Lëtzebuerger Resident, eng fir e Refugié." D'Sozialisten hunn hire Modell um Dënschdeg Moien op der Pressekonferenz virgestallt.

"Eng Sozialwunneng fir e Lëtzebuerger Resident, eng fir e Refugié." Mat dëser Formel wëll d'LSAP dem Sozialnäid entgéintwierken. E Modell, deen d'LSAP schonn zu Dikrech applizéiert huet, esou den LSAP-President, Deputéierten an Dikrecher Buergermeeschter, Claude Haagen.

AUDIO: Den Dikrecher Buergermeeschter vun der LSAP, Claude Haagen

E Modell, vun deem hien eng positiv Erfarung zeréckbehält. Dëse Modell géing dem Sozialnäid entgéintwierken, d'Mixitéit favoriséieren a wier net ze ëmständlech fir d'Gemengen, déi d'Wunnenge kënne weider verlounen.

Der Diskussioun, wéi een déi Leit ënnerbréngt, déi de Statut vu Refugiéen unerkannt kruten, kéint een déi nächst Joren net ëmgoen. Obwuel d'LSAP sech bewosst ass, dass et Gemenge ginn, wou et Widderstand géint den Accueil vu Refugiéë ka ginn, hält se un der Gemengenautonomie fest an ass géint e Gesetz. De Claude Haagen huet amplaz zur Solidaritéit tëschent de Gemengen opgeruff.
D’LSAP ass och géint Quote fir d’Refugiéë per Quoten an de Gemengen z’imposéieren, mee ass fir Quote wat d’Sozialwunnengen ugeet, sou d’Beetebuerger Gemengeconseillère, Sylvie Jansa.

Weider Proposen am Aktiounsplang vun der LSAP gesinn ënnert anerem Mesure vir, fir d’Asyldemandeuren ze responsabiliséieren, d’Sproochekenntnisser ze fërderen, d’Strukture materiell ze verbesseren an datt d’Asyl, Migratioun an Integratiounskompetenzen an engem Ministère regroupéiert ginn. (d’Verwaltunge wéi d’Direction de l’Immigration oder den OLAI zum Beispill wieren awer weiderhi getrennt). Fazit: eng mi human Flüchtlingspolitik.

Op EU-Niveau wëll d’LSAP datt Memberstaaten déi hir Obligatioune wéi d’Ophuele vu Refugiéen net erfëllen – sou wéi virgesi sanktionéiert ginn. Um Bord vun der Pressekonferenz gouf awer ze verstoe ginn, datt dat opgrond vun der Anti-Migratiounspolitik ënnert anerem an Italien, Polen an Ungarn, kaum denkbar ass. Dowéinst wieren d’Europawahlen 2019 ëmsou méi kruzial…