"Um Enn, moralesch geschiedegt a rosen"... Sou fille sech déi Betraffen, nodeems hir Nimm onfräiwëlleg op der Lëscht vun "Demokratie" gelant sinn.

„Ech sinn net domm, ma ech fille mech richteg verdommt a wann ech dat kann esou soen, veraarscht.“ Dat sot e Mëttwoch de Mëtteg d'Lydia Beffort RTL géigeniwwer. Si ass leschte Samschdeg vu Kollege gewuer ginn, dass si ouni hir Zoustëmmung op der Lëscht vun der neier Partei „Demokratie“ steet. Vun e Mëttwoch de Mëtteg un ass gewosst, dass sech dorunner och näischt wäert änneren.

AUDIO: Déi Geschiedegt kommen zu Wuert - Reportage Annick Goerens

D'Presidentin vum Stater Bezierksgeriicht an dem Haaptwalbüro, Joséane Schroeder, hat confirméiert, dass et elo keen zeréck méi gëtt. D'Wahllëschte ginn an den Drock an op d'mannst 10 Persoune si bei der Partei Demokratie op der Lëscht, ouni dat iwwerhaapt gewollt, respektiv gewosst ze hunn. Déi bal 70 Joer al Lydia Beffort gehéiert dozou. Zanter leschtem Sonndeg steet der pensionéierter Fra hir Welt op der Kopp. Si ass richteg rosen. Et hätt een nämlech zu kengem Moment gesinn, respektiv driwwer geschwat, dass een op eng Lëscht géif kommen.

VIDEO: De ganze Volet vum "Demokratie"-Fiasko
"Um Enn, moralesch geschiedegt a rosen"... Sou fille sech déi Betraffen, nodeems hir Nimm onfräiwëlleg op der Lëscht vun "Demokratie" gelant sinn.

3x wär d'Fra, déi seet, si géing zanter „eh und je“ d'CSV wielen, un hirer Hausdier vu Leit ugeschwat ginn. Et gouf de Leit du gesot, dass e se e Stëmmrecht hätten, wann zum Beispill Decisiounen an hirer Gemeng géife geholl ginn. Dass een awer als Kandidat op enger Lëscht steet, war zu kengem Moment präziséiert ginn.

RTL

© Annick Goerens (Radio)

All Kéier wär een eelere Mann derbäi gewiescht, eng Kéier e jonke Mann, deen d'Fra als de Jonas Folschette identifizéiere konnt, deen och am Südbezierk fir d'Partei Demokratie untrëtt an eng Kéier och d'Sonia Holper selwer, de Kapp vun der Partei Demokratie, déi en Dënschdeg nach am RTL-Interview gesot hat, si wär net mat un d'Diere schelle gaangen.

Dës Informatioun confirméieren och zwou aner Nopeschen, d'Sonja Bettendorff an d'Sarah Gilberti. Déi allebéid extrem rose sinn. Och si soen, dass d'Sonja Holper léie géif a bei hinne gewiescht wier. Beim 2. Besuch wier een dann och d'Carte d'Identité gefrot ginn, dat fir eng Foto ze kréien. Dëst hätt een dann och scho stutzeg gemaach.

D'Lydia Beffort wëll net fir domm verkaaft ginn. Si hätt gekuckt, wat si géing ënnerschreiwen, mee et hätt näischt vu Wahllëschten do gestanen. Weider seet si, dass eng Klamer, déi uewen um Dokument, fir ze ënnerschreiwe festgemaach, de wierkleche Contenue verstoppt hätt. Et hätt een also guer net kéinte gesinn, wat een do ënnerschreift.

D'Lydia Beffort huet natierlech och eng Plainte gemaach. D'Fra, déi hir 70 Joer kritt, fillt sech moralesch geschiedegt.