Dëse Weekend geet déi zweet Phase vum Chantier op der A1 respektiv A6 um Gaasperecher Kräiz un, dat am Kader vum Ausbau vum Ban de Gasperich.

Et ass e gréissere Chantier op der A1 an A6 um Gaasperecher Kräiz, dee sech schonn zanter e puer Méint zitt an och nach net ganz fäerdeg ass. Dëse Weekend gouf déi zweet Phase lancéiert an do fänkt een direkt mat engem méi spektakulären Deel un. Eng nei Bréck soll d'Cloche d'Or a Gaasperech mat der anerer Säit vun der Autobunn, do, wou ënnert anerem den neie Futtballsterrain entsteet, verbannen. D'Piliere fir d'Bréck sti scho méi laang op dëser Plaz an elo koum och eppes op déi drop.

D'Bréck gëtt awer net séier, iwwert de Weekend, op dëser Plaz gebaut, mä en éischten Deel gouf extern opgeriicht a gouf an der Nuecht op e Samschdeg op d'Plaz bruecht, fir dann op hir Piliere gesat an och mat deene fest verbonnen ze ginn. Den zweeten Deel vun der Bréck gëtt nächste Weekend hei installéiert.

Am Ganzen wäert d'Bréck dono e Gewiicht vun 1.600 Tonnen hunn an soll den neie Quartier op der Cloche d'Or dono mam neie Futtballsterrain verbannen. Iwwert d'Bréck soll dann och den Tracet vum Tram féieren. Wann d'Wieder et zouléisst, wäert d'Bréck da Mëtt 2019 fir den Autostrafic opgoen.

Bréck um Gaasperecher Kräiz
Dëse Weekend geet déi zweet Phase vum Chantier op der A1 respektiv A6 um Gaasperecher Kräiz un, dat am Kader vum Ausbau vum Ban de Gasperich.

Problemer am Trafic: Gréissere Chantier ronderëm d'Gaasperecher Kräiz dëse Weekend

Vun e Freideg den Owend 20 Auer bis e Méindeg de Moie géint 6 Auer wäert dofir den Deel vun der A1 respektiv A6 op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz a béid Richtunge gespaart sinn. Betraff sinn och d'Bretellen vun der A6 fir op d'Zéissenger Kräiz a fir op d'Gaasperecher Kräiz aus béide Richtungen.

D'Deviatioun vun Tréier a Richtung Arel leeft iwwer d'Gaasperecher Kräiz, dann op d'A3 an de Rond-Point Gluck zeréck op d'A6.

Vun Arel a Richtung Tréier, respektiv a Richtung Metz, leeft d'Deviatioun iwwer d'Zéissenger Kräiz op d'Escher Autobunn (A4), da vun der Jonction d'Esch aus iwwert d'A13 bis op d'Beetebuerger Kräiz a vun do aus iwwert d'A3 entweder a Richtung Metz, oder awer a Richtung Stad, fir nees um Gaasperecher Kräiz op d'A1 a Richtung Tréier geleet ze ginn.

Wéi de Ponts et Chaussées matdeelt, ass mat Problemer am Trafic op deene Plazen ze rechnen. De ganze Chantier war fir 4 Méint, vu Juni bis Mëtt September geplangt.

De Communiqué vum Ponts et Chaussées

Chantier sur les autoroutes A1 et A6 à la hauteur de la croix de Gasperich (24-27.08.2018)
Communiqué par: Administration des ponts et chaussées Dans le cadre de l'aménagement du ban de Gasperich, l'Administration des Ponts et Chaussées procédera ce week-end à la réalisation de la deuxième de quatre phases relatives à la construction d'un nouvel ouvrage d'art passant au-dessus de l'autoroute d'Arlon (A6) à la hauteur de la croix de Gasperich.

Barrages et déviations:

La deuxième phase du chantier comporte le montage de deux tronçons du nouvel ouvrage d'art et sera réalisée du vendredi soir 24 août 2018 vers 20 heures jusqu'au lundi matin 27 août 2018 vers 6 heures sur les autoroutes A1 et A6 à la hauteur de la croix de Gasperich dans les deux sens.

Pendant les travaux réalisés lors de cette deuxième phase, les autoroutes et bretelles suivantes sont barrées à la circulation:

• la section courante des autoroutes A1 et A6 à la hauteur de la croix de Gasperich en provenance de Trèves (A1) et en direction d'Arlon (A6),
• la section courante de l'autoroute A6 entre la croix de Cessange et la croix de Gasperich en provenance d'Arlon (A6) et en direction de Trèves (A1), respectivement en direction de Metz (A3),
• la bretelle de sortie de la croix de Cessange en provenance d'Arlon (A6) et en direction de Hollerich (A4).
Le trafic en provenance de Trèves de l'A1 en direction d'Arlon (A6) est dévié à partir de la croix de Gasperich via l'A3 jusqu'au rond-point Gluck de retour sur l'A6.

Le trafic en provenance d'Arlon (A6) et en direction de Trèves (A1), respectivement vers Metz (A3), est dévié à partir de la croix de Cessange via l'autoroute A4 – Jonction d'Esch – l'autoroute A13 – croix de Bettembourg – l'autoroute A3 de nouveau sur l'autoroute A1. Le trafic en direction de Metz est dévié à partir de la croix de Bettembourg par la bretelle vers l'A3 en direction de Metz.

Le trafic en provenance d'Arlon et en direction de Luxembourg-Ville, Luxembourg-Gare ou Hesperange est dévié via l'autoroute A4 et l'échangeur Leudelange-Nord de retour jusqu'à la croix de Cessange en direction du rond-point Merl.
Les travaux préparatifs nécessaires à la fermeture des autoroutes A1 et A6 étant exécutés quelques heures au préalable, des perturbations du trafic sont attendues en fin d'après-midi. L'axe principal des autoroutes A6 et A1 est barré à partir de 20h00.

La durée totale du chantier est d'environ 4 mois (juin à mi-septembre). À partir du lundi 27 août 2018, le trafic autoroutier sera à nouveau guidé par des voies rétrécies à travers le chantier. La circulation sera à nouveau assurée sur deux voies dans les deux sens, ceci pendant toute la durée restante du chantier. Au vu des rétrécissements des voies, la vitesse est limitée à 70 km/h dans les deux sens.

Des perturbations du trafic sont possibles jusqu'à la fin du chantier.