D'Landjugend a Jongbauere Süden hu fir déi 2. Kéier de Plouconcours organiséiert.

No 2016, wou et zu Giewel iwwer d‘Bühn goung, gouf et dëse Sonndeg zu Käerch organiséiert.

Um Stéck vun der Famill Gengler gouf um Sonndeg geplout. U sech näischt Aussergewéinleches. An awer schonn. Well net manner ewéi 17 verschidde Pléi waren op dësem leschten August-Sonndeg am Asaz.

Op engem 14 Hektar grousse Feld zu Käerch waren all Zorten Trakteren a Pléi aktiv.