Mat de soziale Medie kënnen d'Politiker selwer bestëmmen, wéi si wëlle gesi ginn. Ouni de Filter vun der Press.

An esou gëtt aus dem seriöen CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler vun de Konferenzen, den entspaante Motosfuerer Claude Wiseler. Op sengem Instagram-Konto wëll den CSV-Spëtzekandidat säin Image oppoléieren: de Familljemënsch, den Teamplayer, no un de Leit. Mat all Bild gëtt d'Geschicht weidergestréckt.

Sozial Medie schafen eng idealiséiert Welt, stimuléieren Emotiounen. Esou och beim François Bausch: vill Natur, gutt Kollegen, alles am grénge Beräich. Einfach dobäi sinn, geet awer net duer. Sozial Medie verlaange vill Zäit a Fleeg. E Konto soll gefiddert ginn, fir seng Follower net z'enttäuschen.

Op Twitter ass et d'Geschicht vun dräi Regierungs-Kollegen op der Fouer. De Xavier Bettel signaliséiert: Blo-Rout-Gréng geet et no 5 Joer Regierung nach gutt. Och den Etienne Schneider weess sech ze profiléieren: déi selwer ernannten "Superheroes" kréien 52 Häerzercher.

D’Messagë solle viral ginn, vun anerer gedeelt.

D'LSAP huet eng 70 Kuerzfilmer produzéiert. Woubäi et net jidderengem gegënnt ass, e gebuerene Schauspiller ze sinn.
Op de soziale Medien huet een e puer Sekonnen, fir e Message eriwwer ze ginn. A wat ass dann elo hänkebliwwen?