Déi meescht Nolauschterer ware sech um Donneschdeg de Moien eens, dass de séiere Wuesstem virun allem negativ Konsequenze mat sech bréngt.

Gutt 5 Woche virun de Chamberwale fille mer elo all Woch donneschdes moies an eiser Emissioun "Dir hutt d'Wuert" de Bols bei de Leit dobaussen, a wëllen hir Meenung héieren zu ganz verschiddenen Themen. Dësen Donneschdeg goung et ëm de Wuesstem an déi wirtschaftlech Entwécklung.

AUDIO: Dir hutt d'Wuert - Wuesstem a wirtschaftlech Entwécklung

Déi meescht Nolauschterer ware sech eens, dass de séiere Wuesstem virun allem negativ Konsequenze wéi Stau an e Manktem u Wunnengen an Infrastrukture mat sech bréngt. Sou zum Beispill den Alain Moos vun Éilereng.

AUDIO: DhW - Alain Moos vun Éilereng

Den Albert Sigrand vu Reide fënnt, dass d'Liewensqualitéit an den Dierfer ëmmer weider erofgeet an dat trotz dem Wuesstem.

AUDIO: DhW - Albert Sigrand vu Reiden

Een eenzegen Nolauschterer, de Max Leners vun Diddeleng, fënnt awer, dass den Wuesstem muss erhale ginn.

AUDIO: DhW - Max Leners

D'nächst Woch ass et dann donneschdes moies nees un iech dobaussen, fir mat eis ze diskutéieren an eis är Meenung ze soen, dëst zum Thema "Famill an Soziales".