Eng Lagerhal vun enger Recyclingfirma, an där och geféierlech chemesch Produite gelagert waren, stoung e Freideg de Moien op eemol a Flamen.

De Brand, dee géint 13 Auer ënner Kontroll war, war an der Rue Haute zu Hamm ausgebrach, dat kuerz virun 11 Auer um Freideg.

VIDEO: De Brand zu Hamm
Eng Lagerhal vun enger Recyclingfirma, an där och geféierlech chemesch Produite gelagert waren, stoung géint 11 Auer op eemol a Flamen.

D'Rue de Bitburg an de Rondpoint Hamm goufe gespaart, verschidde Gebaier an der direkter Ëmgéigend evakuéiert. Op der Plaz waren zäitweis 75 Pompjeeën am Asaz.

Den Direkter vum CGDIS, de Pol Schroeder, mat Detailer iwwert d’Hal vun enger Recycling Firma, wou deels geféierlech Produiten waren. An der Hal ware chemesch Produite gelagert, déi mat verbrannt sinn.

Feier Hamm Wochit
Spektakulär Biller vum Feier an enger Lagerhal zu Hamm. De Brand ass ënner Kontroll.

Och wann d'Feier no 13 Auer ënner Kontroll war, bloufen awer Ekippen op der Plaz, déi zesumme mam Environnement a mam Waasserwirtschaftsamt d'Gefor moossen a kucken, wéi een Impakt déi Stoffer op d'Ëmwelt hunn.

Och wann d'Leit d'Fënsteren an d'Diere sollten zouhalen, ginn et keng Indicen, datt et eng speziell Gefor géif duerstellen.

AUDIO: Extrait Pol Schroeder

De Fluchtrafic um Findel, dee jo just e puer Kilometer vum Brand ewech war, gouf doduerch awer net beaflosst.

© RTL-Grafik

AUDIO: Ganzen Interview mam Paul Schroeder