Méi Congé parental, manner schaffen oder méi Geldleeschtungen? Wat brauchen d'Leit wierklech? A wat soe Kandidate fir d'Walen dozou?

Proposen a kontrovers Iddie gouf et op der 2. Table ronde vun RTL. Zu 8 Kandidate si si an de Studio vun RTL Télé Lëtzebuerg komm a wärend 90 Minutten hunn d'Vertrieder vun DP, LSAP, Déi Gréng, CSV, ADR, Déi Lénk, KPL a Piratepartei hir Mesurë verdeedegt, fir datt d'Famillje méi Zäit kréie sollen, fir hir Kanner a sozial Ongläichheete behuewe ginn.

D'DP wëll jo de Congé parental auswäite bis zu op méiglech 18 Méint doheem an d’Sozialbäiträg géife vum Staat iwwerholl ginn. D'LSAP zitt eng Aarbechtszäitverkierzung vir, esou datt et e Recht op Deelzäitaarbecht gëtt.

Mä et war zemools eng Iddi vun der ADR, déi fir vill Kritik gesuergt huet. D'ADR proposéiert jo en Elteregeld anzeféieren an d'Méiglechkeet, datt een Elterendeel fir eng méi laang Zäit doheem bleiwe kann: "Mir hunn eng Léisung, wou all d'Familljen dat selwecht kréien, ob si elo wëlle mat deene Sue Kannerbetreiung finanzéieren oder doheem bleiwen, an deemno fir d'Erzéiung eng finanziell Unerkennung géife kréien", esou d'Sylvie Mischel vun der ADR.

"D'Fraen hunn e Recht drop, net nëmmen eng uerdentlech Pensioun ze kréien, mä och an der Aktivitéit gläichberechtegt ze sinn", huet d'Sam Tanson vun Déi Gréng gekontert. "Mir hu formidabel Fraen, si maache formidabel Studien. Ech géif et immens schued fannen, datt eng Politik wëll gemaach ginn, wou ee promouvéiert, datt si duerno doheem bleiwen."

Och d'Taina Bofferding huet hefteg Kritik geäussert. Wa Frae fir eng ganz Rei Jore komplett aus dem Beruff eraus sinn, da wier et schwéier, erëm an der Aarbechtswelt Fouss ze faassen. An dat géif mëttelfristeg heizou féieren: "Äert Elteregeld vun haut, dat sinn d'Hongersrente vu muer", huet d'sozialistesch Kandidatin ze Bedenke ginn.

Eng breet Skepsis gouf et och op dëse Modell vun der ADR iwwerhaapt finanzéierbar ass.

Weider Sujete vun der Table ronde op RTL Télé ware Mesurë géint d'Aarmut, eng Erhéijung vum Mindestloun an d'Steierpolitik fir eng méi gerecht Verdeelung vum Räichtum.

Invitéiert waren:
1) D’Ministesch Corinne Cahen (DP)

2) De Marc Goergen (Piratepartei)

3) D'Taina Bofferding (LSAP)

4) De Gilbert Simonelli (KPL)

5) D'Sylvie Mischel (ADR)

6) D'Sam Tanson (Déi Gréng)

7) De Marc Spautz (CSV)

8) D'Nathalie Oberweis (Déi Lénk)