En Dënschdeg war nees Jobdag op RTL an och dës Kéier hu mir probéiert, de Patronen ze hëllefen, nei Mataarbechter ze fannen.

Op der Sich nom richtegen Job: Mat ronn 800 Job-Offeren a 40 Stänn fir Léierplaze stoung dem direkte Kontakt tëscht Patronen a potenziellen neien Employéen en Dënschdeg näischt am Wee.

Ma nawell ass et grad fir d’Léierbouwen- a Meedercher net ëmmer einfach, de richtegen Job ze fannen. Och fir d’Vicky, dat mer en Dënschdeg bei der Sich um Jobdag am Belval Plaza, mat der Kamera begleet hunn.

VIDEO: Op der Sich nom richtegen Job
Mat ronn 800 Job-Offeren a 40 Stänn fir Léierplaze stoung dem direkte Kontakt tëscht Patronen a potentiellen neien Employéen näischt méi am Wee.

En Dënschdeg hate mir vu moies 8h un all Stonn een anere Patron, deen eng oder méi fräi Plazen huet, begréisst. Tëscht 8 an 18 Auer war RTL am Belval Plaza.

Den Job Dag op RTL, zesumme mat kliber, der ADEM an dem Réseau pour le travail et la promotion humaine.