"Juden", Hakekräizer ... Vandalismus, dee schockéiert

Op enger Affiche vun der DP am Rond-point Gluck, op där d'Corinne Cahen an de Xavier Bettel drop ze gesi sinn, steet a grousse Buschtawen "Juden".
Zwee Feiler weisen op d'Nimm vun der DP-Presidentin an dem Premier.
Op enger Affiche vun enger LSAP-Kandidatin dann, waren de Weekend, am Bezierk Osten Hakekräizer ze gesinn.
"Messagen oder Zeechen op Plakater, déi ee léiwer net drop hätt, goufen et nach ëmmer", seet de liberale Generalsekretär Claude Lamberty am Gespréich mam Dany Rasqué. Him fält awer op, datt et elo méi staark géing ginn, dofir huet d'DP och direkt reagéiert an eng Plainte deposéiert.
Ähnlech reagéiert och d'LSAP.
De sozialistesche Fraktiounschef Alex Bodry seet e géif d'Gefill net lass ginn, datt dat nationalistescht a rietsextreemt Gedankegutt, dat ufänkt sech an anere Länner ronderëm eis ze verbreeden och net virun de Grenze vu Lëtzebuerg stoe bleift.
Och bei der DP fält op, datt hei Iddien erëm salonsfäeg gemaach ginn, déi näischt an eiser Gesellschaft verluer hunn.
"Et huet näischt mat méi Meenungsfräiheet ze dinn, et musse Grenze ginn!", esou de Claude Lamberty.
Mir hunn den Tour bei all de Parteie gemaach, fir ze froen, ob och hir Plakater mat esou Kräztegkeeten a Ruckelzegkeete beschmiert goufen ... dat war net de Fall.
Allerdéngs héiert ee bal bei jidderengem, datt et bei Wäitem méi Vandalismus gëtt wéi soss Joren an datt den Toun massiv changéiert huet.
Däitlech beklot gëtt sech bei der ADR, wou Plakater geklaut goufen a wou Leit et op de Fändel ofgesinn haten. Dee wier aus engem Plakat erausgebrannt ginn.
Dem Generalsekretär Alex Penning no wiere Symboler oder Sloganen drop gemaach ginn, déi "typesch si fir d'68er-Bewegung"
D'ADR huet doropshi parteiintern iwwer Konsequenzen diskutéiert an och eng Plainte géint "inconnu" gemeet.