Bei der 3. Table ronde goung et ëm de Logement
Beim Logement si sech all d'Parteien eens: Et muss méi gemaach ginn. Soubal et drëms geet, ze handelen, zersetzt sech awer dee Konsens.
"Wunnraum fir jiddereen", "Bezuelbart wunne fir jiddereen", "Bauoffensiven hei an do": An hire respektive Walprogrammer fënnt een eng ganz Rei Proposen, fir d’Offer an d’Luucht ze bréngen, fir d’Prozeduren ze vereinfachen, an an an.
Fir doriwwer ze diskutéieren, ware Vertrieder vun 8 Parteien a Lëschten aus de 4 Bezierker bei eis am Studio.
Fir d’Piratepartei den Daniel Frères Kandidat am Osten, fir déi Gréng de Félix Braz Minister a Kandidat am Süden, fir d’LSAP den Yves Cruchten Deputéierten a Kandidat am Süden, fir d’CSV d’Françoise Hetto Deputéiert a Kandidatin am Osten, fir d’Kommunistesch Partei de Jean-Marie Jacoby Kandidat am Zentrum, fir d’DP de Marc Hansen Logementsminister a Kandidat am Norden, fir d’ADR de Jean Schoos Kandidat am Osten a fir déi Lénk d’Carole Thoma Kandidatin am Süden.
Resumé vun der Table ronde
Et musse weider méi Wunnenge gebaut ginn, doriwwer ware sech d’Invitéen vun der Table ronde iwwert de Logement eens. De Staat an d’Gemengen mussen nach méi maachen, sou d'Kandidate vun 8 Parteien, déi zu Gaascht waren.
8 Kandidaten, 7 Proprietären an ee Locataire. D’Carole Thoma vun déi Lénk huet dat direkt emol bedauert. D'Proprietären géifen iwwer alles diskutéieren, an déi nei Generatioun, déi keng Chance huet Proprietär ze sinn, géif nokucken.
D’Präisser di klammen, doriwwer kënne sech am Fong d’Proprietäre freeën? Nee, och Leit mat korrekter Pai hu Problemer un eng Wunneng ze kommen, sou de Konstat. Fir d’ADR, de Problem vum Wuesstem? De Jean Schoos ass der Meenung, dass de wirtschaftleche Wuesstem net ëmmer misst gläichzäiteg mat dem manuelle Wuesstem verbonne ginn.
Aus dem ganzen Debat huet sech e gewësse Konsens erauskristalliséiert, datt nieft dem fräie Marché de Staat an d’Gemengen eng mi grouss Roll misste spillen. Nëmmen d’Gemenge wieren dacks iwwerfuerdert, sou d’CSV-Deputéiert Françoise Hetto an de grénge Justizminister Felix Braz. Et bräicht een iergendwou en nationale Verbond, wou de Staat an d'Gemenge sech zesummen eng Struktur géife ginn, och fir de Suivi ze maachen, fir un Terrainen ze kommen, fir sech Bauobjektiver ze ginn, dëst haaptsächlech am Locatif. Et wier dorëms wou et géif goen, manner d'Acquisitioun vun der Proprietéit. Dee strukturéierten Effort, mat méi Jorespläng, dat wier dat, wat eigentlech nach feelt, sou de Felix Braz.
Dofir hätt d'CSV am Walprogramm stoen, dass se eng Struktur wéilte schafen, déi d'Gemenge begleet, sou d'Françoise Hetto. Ënnergliddert soll déi ginn an 3 Cellulen: Acquisitioun vun den Terrainen, Planifikatioun fir d'Erschléissung an als drëtt d'Gestioun.
De Staat misst sech eng Reserve opbauen vun Terrainen, sou den Yves Cruchten, LSAP Deputéierten. Hie proposéiert d'Schafe vun engem staatleche Fong, e bësse wéi de Fond du rail, wou een eng Reserve uleet, fir Baulandreserven opzekafen, bannent a baussent de Perimeteren, fir dass de Staat endlech kéint maachen, wat ee vun him géif verlaangen.
Den DP Logementsminister Marc Hansen zielt iwwerdeems méi op steierlech Virdeeler, wann eidelstoend Wunnenge fir Sozialwunnenge mobiliséiert ginn. D'Gemengen hätten dat bis elo net gemaach an dat wäert och kee Succès ginn. Iwwert d'Gestion locatif social wiere 650 Wunnengen op de Marché komm, mat engem Steier-Incentiv. Dat wieren déi méi, wéi der jee bis elo op de Marché komm sinn.
Déi Lénk par konter sinn wuel dogéint, datt iwwert Spezialfongen, grouss Promoteuren ënner Ëmstänn keng Steieren op Plus-valuen misste bezuelen. Et wiere grouss Entrepreneuren, Agencen a Privatleit, déi wierklech déi Suen hätten, fir mat deene Bienen ze spekuléieren. An da gëtt ee gewuer, si misste mol keng Steieren dorobber bezuelen... Dofir wier ee bei Déi Lénk och fir d'Spekulatiounssteier.
Datt et e Problem gëtt am Logement, deen zu engem soziale Problem kéint féieren, dat hat d’Spezialkommissioun „Logement“ schonn am Joer 1991 festgestallt.
Hei nach emol d'Invitéen am Iwwerbléck:
Piratepartei: Daniel Frères
déi Gréng: Félix Braz
LSAP: Yves Cruchten
CSV: Françoise Hetto
KPL: Jean-Marie Jacoby
DP: Marc Hansen
ADR: Jean Schoos
déi Lénk: Carole Thoma