Erausfuerderunge fir Lëtzebuerg a Léisunge vu Parteien
10 Parteie-Vertrieder hunn e Sonndeg an der offizieller Radio-Table-ronde iwwer breet gefächert Theme wéi Mobilitéit, Wuesstem a Landesplanung diskutéiert.
D'Vertrieder vun deenen 10 Parteien, déi un de Chamberwalen de 14. Oktober deelhuelen, hunn op der Antenn vu Radio Lëtzebuerg iwwer d'Erausfuerderunge fir Lëtzebuerg an doriwwer, wéi een e responsabele Wuesstem steiert, geschwat.
Et goung am Ufank ëm d'Mobilitéit, well dat jo engem rezente Politmonitor no nieft dem Logement déi grouss Suerg vun de Leit ass. Den Inneminister Dan Kersch huet op eemol en zweete Sujet mat an d'Diskussioun bruecht, mam Argument, datt d'Leit déi Proposen schonn X mol héieren hunn. Him war et wichteg z'explizéieren wéi en Enjeu déi Walen hunn. Eng Rei hätte just een Zil: Déi sozial Komponent - gemengt ass d'LSAP - soll aus der Regierung ecartéiert ginn.
D'LSAP als dat soziaalt Gewëssen. Heirop wollt den Ali Ruckert vun der KPL direkt reagéieren. D'LSAP hätt an der Regierung de Mindestloun net erhéicht, d'Räichesteier wier ni komm.
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet vun Hypocrisie bei der LSAP geschwat, och wat d'Expropriatiounen ugeet.
Och de Laurent Zeimet, de Generalsekretär vun der CSV, huet reagéiert. Hie war virop bëssen paff iwwert den Ausbroch vum Dan Kersch, wéi e sot. D'LSAP hätt net de Monopol vum Sozialen.
An der Ronn waren:
Lëscht 1 - Piraten: Ben Allard
Lëscht 2 - Déi Gréng: Josée Lorsché
Lëscht 3 - LSAP: Dan Kersch
Lëscht 4 - CSV: Laurent Zeimet
Lëscht 5 - KPL: Ali Ruckert
Lëscht 6 - DP: Marc Hansen
Lëscht 7 - ADR: Fernand Kartheiser
Lëscht 8 - Déi Lénk: Gary Diderich
Lëscht 9 - Demokratie: Marc Dax
Lëscht 10 - Déi Konservativ: Joe Thein
Moderatioun: Monique Kater