Wei informéiere sech Neiwieler, wei grouss ass den Intressi bei Jonker a wat maache Schoule fir d'Wiele-goen ze thematiséieren?

Vill vun de Schüler déi dëst Joer den Ofschlossexame schreiwe ginn elo geschwënn fir d’ éischte Kéier wielen.

Am Lycée zu Bouneweg hu 4 Ecosproffen dofir eng Table ronde mat méi oder manner jonke Vertrieder vun de Parteie gemaach.