Wéi gesäit dem Chamberspresident säi Bilan vun der Legislaturperiod aus? A wat ass säi Point de Vue Punkto Walsystem?

D'Claudia Kollwelter huet de Mars di Bartolomeo kuerz virun de Walen a sengem Büro an der Chamber getraff an ënnert anerem iwwert de Walalter, d'Méiglechkeet vun engem eenzeg Walbezierk an der Aarbecht an der Chamber ze schwätzen.

AUDIO: De Bilan vum Chamberpresident - Reportage Claudia Kollwelter

Et wier enorm vill an der Chamber geschafft ginn déi lescht 5 Joer, betount de Mars di Bartolomeo. Kriddeleg Dossiere wieren ugepaakt ginn an et wier gréisstendeels fair diskutéiert ginn. De Chamberspresident huet dann och eng Partie Punkten, op deenen en hofft, datt an Zukunft Akzenter geluecht ginn - zum Beispill a Punkto Kontrollfunktioun. Et misst ee sech als Chamber d'Instrumenter ginn, fir d'Regierung efficace ze kontrolléieren. Mee och d'Gesetzer missten evaluéiert ginn. Mat all der Aarbecht, déi op d'Chamber zoukomm ass, wéi europäeschen Dossieren, den Dialog mam Bierger a sou weider, engagéiert de Mars di Bartolomeo sech voll a ganz fir de Vollzäit-Deputéierten a grad wéi beim Vollzäit-Deputéierte soll d’Diskussioun vun engem eenzege Walbezierk och endlech eng Kéier gefouert ginn, ofgeweit ginn, wat d’Avantagen an d’Desavantagë sinn an dann eng Decisioun geholl ginn.
De Fait, datt d’Walgesetz seet, datt ee vun 75 Joer un net méi wiele muss, fënnt de Chamberspresident net gutt a schwätzt vun absolutem Quatsch. Et soll een den eeleren Leit net Gefill ginn, datt se näischt méi mat der Demokratie ze dinn hunn, seet de Mars Di Bartolomeo. Och d'Bréifwal géing et den eeleren Leit erliichteren, hir Stëmm ofzeginn. Den enormen Zousproch, deen d'Bréifwal dëst Joer iwwregens krut mat 40.000 Leit, déi se ugefrot hunn, géif weisen, datt et de richtege Choix war, dëst ze vereinfachen, seet de Chamberspresident.

"Wort-Artikel sollt schueden, ech wëll de gliesernen Deputéierten"

"Pseudo Transparenz" - esou ee Wort-Titel vu leschter Woch, an deem et ëm d'Nieweverdéngschter vun den Deputéierte goung.

Ënnert anerem gouf an deem Artikel eng héich Zomm genannt, déi dem Salaire géif entspriechen, déi den aktuelle Chamberspresident kritt. Net schlecht gestaunt huet de Mars Di Bartolomeo, wéi en dësen Artikel gelies huet. Wann ech elo de richtege Chiffer nennen, da klappe se nawell an d'Flilleken, well et nach ze héich fir si ass. Den Artikel wier geschriwwe ginn, fir him perséinlech ze schueden. Trotzdeem wier hie fir de gliesernen Deputéierten.

AUDIO: De Mars Di Bartolomeo

Et wier wichteg, datt jidderee wéisst, wéi eng Interêten d'Deputéiert hätten. Et géing net just ëm e Montant goen, mee villméi ëm d'Querverbindungen.

Wann en Deputéierten zum Beispill an 20 Verwaltungsréit géif sëtzen, wier et wichteg, datt d'Leit dobausse wéissten, wat deem seng Interêten sinn, seet de Mars di Bartolomeo.