E Sonndeg ware ronn 257.000 Leit zu Lëtzebuerg opgeruff, fir aus 547 Kandidaten déi 60 Membere fir déi nächst Chamber um Krautmaart ze wielen.

Géint 22.40 Auer war alles ausgezielt an du stoungen direkt e puer Saache fest: D'Dräierkoalitioun verléiert ee Sëtz a kënnt nach op déi klengstméiglech Majoritéit vun 31 Sëtz; d'CSV bleift hanner hiren Erwaardungen zeréck, si mécht keen Duerchmarsch, wéi et een Ament an de Sondagen ausgesinn hat, ma verléiert souguer nach zwee Sëtz; grousse Gewënner sinn déi Gréng, déi 3 Sëtz derbäi gewannen; an da kënnt mat de Piraten eng nei Partei an d'Chamber an dat direkt mat zwee Sëtz.

[widget type="liveticker" ticker="cat_live_walen2018"]