D'Kommunistesch Partei huet politesch Beräicher ausgemaach an deenen et fundamental Ännerunge misst ginn.
Et ass eng Zesummefaassung vun engem Oppositiounsmanifest, déi sech kuerz a knapp op fënnef Theme bezitt. Ma wat brennt der KPL ënnert de Neel?
Ugefaange mat der Educatioun, wou 30% méi Budget soll dragestach ginn, also méi Personal an och d'Ganzdagsschoul a manner liberal vum Patronat gesteiert utilitaristesch Bildungspolitik.
An engem Walkampf, an deem tëscht de Kandidate kaum schaarf Téin opkommen, wëll d'Kommunistesch Partei, wéi si seet, konsequent Oppositioun bedreiwen. Onofhängeg dovunner, wéi et de 14. Oktober ausgeet.
Fir d'KPL si grondsätzlech Punkte wichteg: 20 Prozent méi beim Mindestloun, der Allocation de vie chère, de Familljenzoulagen an der klenge Renten. Punkto Wunnengsbau soll de Staat 50.000 erschwénglech Appartementer schafe loossen. An der Educatiounspolitik ass et Kritik un ze vill Konkurrenzdenken.
Ofrëschtung war och en extra Kapitel. Kee Militärfliger a keng Dronen, huet et do geheescht. An da soll een d’Betriber méi besteieren. Stéchwuert: déi mat de breede Schëlleren. An an der Wunnengspolitik hätt de Marché versot an de Staat misst bauen.
D’KPL bléift hire Konviktiounen also trei. Eng Oppositiounsstëmm mat der si fir d’lescht Ufank vun den 90er Joren an der Chamber war.