Eng éischt Analyse vun de Walresultater gouf e Méindeg de Moien um Radio gemaach, dat an der Optik vu méigleche Koalitiounsverhandlungen

Wéi geet et elo no der Chamberwale virun? Fir déi eenzel Parteien, ma och fir eng Koalitioun. A wéi sinn d’Walresultater am Allgemengen ze bewäerten. Dës Froe goufen e Méindeg de Moien an der Table Ronde op RTL Radio Lëtzebuerg vun de Parteipresidenten, een Dag no de Chamberwale gestallt.

Verléierer si jo d’LSAP, d’DP an d’CSV. D’LSAP virun allem wëll se 3 Sëtz anzebéissen huet. D’CSV verléiert an der Chamber 2 Sëtz an d’DP 1 Sëtz. D’ADR dogéint gewënnt een. D’Pirate komme mat zwee Sëtz déi éischte Kéier an d’Chamber an déi Gréng sinn de grousse Gewënner mat 3 Sëtz, déi d’Partei bäikritt.

De Parteipresident Christian Kmiotek vun déi Gréng huet dann och vum glécklechste Parteipresident zu Lëtzebuerg geschwat. Bei der LSAP gesäit dat wéi gesot aneschters aus. D’Ausso, datt d’LSAP an d’Oppositioun sollt goen, fir sech do z’erneieren, gesäit de Parteipresident Claude Haagen éischter skeptesch. Hie gesäit et schwéier, fir sech an enger Oppositioun z'erneieren, mä éischter, datt dëst iwwer eng Regierung kéint goen.

AUDIO: Extrait Claude Haagen

D’CSV dann, déi 2 Sëtz verléiert, gesäit sech nach ëmmer als stäerkste Partei, mat där een Diskussiounen iwwert eng méiglech Koalitioun misst féieren, mä de Marc Spautz zweiwelt awer dorunner, datt dat geschitt, wéi hien erkläert. Hei geet dovunner aus, datt déi dräi aktuell Regierungsparteie wäerte weider maachen. Dat wuel och, well an hire Reie bekannte Leit sinn, déi net gewielt goufen, an duerch eng Regierungsbedeelegung vun der Partei géifen norutschen, obwuel déi Partei jo gesot hätt, wa si ënnert 11 Sëtz géif rutschen, géif si an d'Oppositioun goen.

AUDIO: Extrait Marc Spautz

Nach an der Nuecht gouf kloer, datt villes op eng Suite vu Gambia hindeit. Blo a Rout hunn zwar verluer, ma Gréng wënnt bäi a fänkt d'Verloschter vun den aktuelle Regierungspartner bal op, mat 31 Sëtz hätt een zwar ee manner wéi déi lescht 5 Joer, ma et géing knapp duer, fir als Majoritéit weider ze maachen a genee esou kéint et och goen.

Jiddefalls hunn d'Spëtzeleit vun der DP, LSAP an Déi Gréng sech direkt no der RTL-Elefanteronn am Staatsministère getraff. Gutt eng Stonn souze si do beieneen.

De Christian Kmiotek huet betount, datt kee laanscht déi Gréng féiert. Wann ee si géif ausschléissen, da géif een eng Koalitioun just mat Verléierer forméieren. Vun de Pirate souz de Sven Clement um Dësch. Mat der PID an dem Jean Colombera an d’Walen ze goen, wier eng strategesch Decisioun gewiescht, déi hiren Effet gewisen hätt.

Dem ADR Parteipresident Jean Schoos no ginn d'Debaten an der Chamber an Zukunft méi faarweg, well eng 7. Partei dobäi komm ass. Kritiséiere mécht de President vun der ADR awer de Walsystem, wou Handlungsbedarf besteet. Am Osten huet d'Partei de System nämlech voll ze spiere kritt, wou een de 5. Sëtz just knapp verpasst huet. D'CSV verléiert do bal 8 Prozent a kann hire Sëtz behalen an eng Partei mat knapp 9 Prozent kritt kee bäi.

AUDIO: Extrait Jean Schooss

Och fir déi Gréng ass et kloer, datt sech eppes misst änneren, huet de Christian Kmiotek gemengt. De System vun de 4 Bezierker ass ongerecht, grad am Osten ass e frappant. Och si huelen d'Beispill vun der CSV, déi vill Prozent verléiert awer hir Sëtz behält a kleng Parteien gewannen, kréien awer näischt bäi.

AUDIO: Extrait Christian Kmiotek

D'CSV géif sech enger Diskussioun net verschléissen. Déi géif een all Kéiers no de Walen féieren, fënnt de Marc Spautz, an 3 Méint dono schwätzt kee méi dervun. Där selwechter Meenung ass och d'Corinne Cahen vun der DP. Wann dat de Wonsch wär, misst all Partei fir sech datt emol fir bannen decidéieren, well de Walsystem kéint een net einfach mat enger parlamentarescher Majoritéit änneren, mä dat misst e ganz breede Konsens kréien.

AUDIO: Extrait Corinne Cahen
AUDIO: Table ronde no de Walen / Moderatioun Carine Lemmer

Ronderëm den Dësch souzen dofir d'Parteipresidenten. Fir d'CSV de Marc Spautz, de Claude Haagen vun der LSAP, de Christian Kmiotek vun Déi Gréng, fir d'ADR de Jean Schoos, de Gary Diederich vun Déi Lénk, fir d'DP d'Corinne Cahen an d'Pirate waren duerch de Sven Clement vertrueden.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.