Gespréicher mat Verwaltungen: Land geet et finanziell besser wéi viru 5 Joer
Nodeem d'Aarbechtsgruppe feststinn, gëtt dës Woch en Dënschdeg, Donneschdeg a Freideg verhandelt, am November dann e Mëttwoch, de 14.
4 Plenière mat den 3 wëllege Koalitionäre fir d'Weiderfeiere vun der Dräier-Koalitioun. 11 Aarbechtsgruppe mat engen 130 Leit, déi hei matschaffen an eng Zäitschinn, déi net definéiert, mä och net komplett "open-end" ass. Esou presentéiere sech d'Koalitiounsverhandlungen, déi an um Dënschdeg am Ausseministère tëscht den offiziellen Delegatiounen ugefaangen hunn.

© Bérengère Beffort / RTL Radio Lëtzebuerg
Zanter e Méindeg ass och d'Zesummesetzung vun den Aarbechtsgruppe bekannt. Déi eenzel Parteie schécken aktuell Regierungsmemberen, Deputéiert, vereenzelt Kandidate, déi mat an d'Wale goungen, awer och Leit déi de Parteien nostinn an déi verschidden thematesch Aarbechtsgruppen.
Bilan vum éischten Dag Koalitiounsgespréicher
D'Vetrieder vun der DP, der LSAP an deene Grénge schaffen den Ament un der Neioplo vun der 3er-Koalitioun, bei beschter Ambiance an op Aenhéicht, wéi et vu Membere vun der Verhandlungsdelegatioun geheescht huet,
En Dënschdeg war jo am Ausseministère den offiziellen Optakt vun de Koalitiounsverhandlungen. An der Plenière goung et drëm, mat de Verwaltungen de Point ze maachen, notamment goung et ëm d'Finanzen. Et goufen zum Beispill Gespréicher mat Vetrieder vun der Trésorerie de l’État, der Finanzinspektioun, der Steierverwaltung, dem Enregistrement, der Douane awer och mat der Adem, dem Statec oder der Inspection du travail et des mines.
Et goung drëm nozelauschteren, konkret Resultater a Moossname wiere fir méi spéit, esou de Formateur Xavier Bettel
d'Bestandsopnam, déi dem Premier an de Verhandlungsdelegatioune gemaach gouf, wier ënner dem Stréch jiddefalls alles anescht ewéi negativ, zemools wat de finanzielle Plang ugeet.
De Xavier Bettel sot och nach, datt elo op kee Fall eppes géing iwwer de Knéi gebrach ginn. Et géing ee sech mat engem Koalitiounsaccord Zäit loossen a sech vu kengem ënner Drock setze loossen.
D'Plenière gesäit sech eng nächste Kéier e Mëttwoch. Do gëtt et zum Beispill Entrevuë mat Responsabelen aus de Beräicher Gesondheet, Sécurité sociale an Ëmwelt. Och d'Patronat an d'Gewerkschafte si fir Muer geruff.
Parallel gëtt weider an den Aarbechtsgruppe geschafft.
Weider Reuniounen sinn e Freideg souwéi de 14. November.
Éischt Stëmmen um Dënschdeg de Moien
D'Verhandlungsdelegatioune souzen um Dënschdeg de Moie fir eng éischt Ronn am Ausseministère beieneen.
Do goung et virun allem drëm, mat de Verwaltungen de Point ze maachen, esou sot et um Dënschdeg de Moie fréi de Minister Romain Schneider, dee fir d'LSAP um Verhandlungsdësch sëtzt. Dat wier fir sech e Bild ze maachen iwwert d'Zuelen an d'Situatiounen, wéi se den Ament bestinn. Déi eenzel Ministèrë kennen se, mä et ass, fir dass déi eenzel Delegatiounen z'informéieren, fir dann och dorobber ze schaffen, fir eben e Programm auszeschaffen.
En Exercice, deen Traditioun huet an och viru 5 Joer gemaach gouf. Vu datt quasi déi selwecht Acteure matenee verhandelen ewéi deemools, wier dat Ganzt keen Neiland méi, esou de grénge Minister Felix Braz. Et wier elo e bëssen anescht, well een d'Situatiounen an den eenzele Ministèren elo géif kennen. Et wier awer eng gutt Saach, wann een och vun den anere Ministèren de Point géif gemaach kréien. Déi Zuelen an Aschätzunge wieren absolut noutwenneg, sou de Felix Braz.
Och wann ee méi Experienz hätt, wier et awer net onbedéngt méi einfach ewéi 2013, sot de Staatsminister Xavier Bettel um Dënschdeg de Moie bei senger Arrivée. Fir de Formateur ass et wichteg, datt um Enn en Accord eraus kënnt, an deem och alles dra steet an hannert deem och all d'Parteie stinn. E géif sech net ënner Drock setze loossen... e wéilt e Koalitiounsaccord, an deem och alles dra steet. Et wieren 3 Parteie bedeelegt an et wier wichteg, dass et herno keng Interpretatiounsméiglechkeete ginn, dass een an eng oder déi aner Richtung de Koalitiounsaccord kéint verstoen. E soll komplett sinn a jidderee soll sech dran erëmfannen, sou nach de Xavier Bettel.
Reaktiounen an der Mëttesstonn
No den éischte Gespréicher gouf et nach net all ze vill ze soen, ma nodeem een d'Verwaltungen, wéi ënner anerem d'ADEM, d'Inspection générale des finances, mat der Douane, der Inspection du travail et des mines gesinn hat, konnt ee feststellen, datt et dem Land awer finanziell gesinn e bësse besser geet, wéi nach viru 5 Joer, sot den Etienne Schneider.
Dat confirméiert och de Vertrieder vun déi Gréng Felix Braz. An awer gëllt et opzepassen an d'Situatioun an Italien an an den USA mam Donald Trump am A ze gehalen.
Et waren no den éischte Stonne vum Gespréich frou Gesiichter ze gesinn. Et gouf keng Spannungen tëscht de Membere vun den eenzelen Parteien, confirméiert d'Corinne Cahen. An den Aarbechtsgruppe gëtt aktuell gutt a konstruktiv matenee geschafft.
De Formateur Xavier Bettel hat nach virum Optakt vun de Gespréicher gesot, datt een hei en Accord wéilt fannen, fir deen all Partei ka stoen.
En Dënschdeg de Mëtteg ëm 14.30 Auer geet et mat de Verhandlunge weider a si sinn bis 17 Auer ugesat.
En Donneschdeg an e Freideg gëtt dann riicht duerch vu Moies 10 respektiv 11 Auer, bis Mëttes 15 respektiv 16 Auer verhandelt. Eng weider Reunioun ass fir no der Allerhellgevakanz op de 14. November fixéiert.
De Point mat de Verwaltungen
Déi eng koume mam Auto, déi aner mam Vëlo, déi aner ze Fouss. Eppes haten all d'Membere vun de Verhandlungsdelegatioune gemeinsam, si hu gutt Laun demonstréiert, souwuel bei der Arrivée, an der Mëttespaus, ewéi och beim Depart.
Vun engem excellenter Ambiance huet zum Beispill d'DP-Presidentin a Ministesch Corinne Cahen geschwat.
Et geet jo drëm, d'Programmer beieneen ze leeën. Programmer, déi souwisou guer net sou wäit vuneneen ewech wieren. Wann een déi 3 Programmer liest, gesäit een, datt et vill Schnëttpunkte gëtt an dacks dat selwecht do steet.
Um Dënschdeg gouf virun allem mat de Verwaltungen de Point gemaach, notamment goung et ëm d'Finanzen.
Gespréicher goufen zum Beispill mat Vetrieder vun der Tresorerie de l’État, der Finanzinspektioun, dem Enregistrement oder nach der Douane.
De generelle Constat vun de Politiker war um Enn een, dee scho méi dacks gemaach gouf, an zwar, datt déi finanziell Situatioun vum Land eng bedeitend besser wier, ewéi nach 2013 no de Wahlen, esou de Minister Felix Braz vun déi Gréng. Den Zoustand vun de Staatsfinanzen war de Parteie jo bekannt, ma et krut ee se vun de Staatsbeamten elo nach eng Kéier am Detail virgeluecht. An d'Situatioun ass besser, wéi nach viru 5 Joer. An et kann een och positiv no Vir kucken an déi Investitiounspolitik, déi gemaach gouf, och tendenziell bäibehalen.
Et hätt een d'Steierreform gutt verdaut, huet den LSAP-Minister Etienne Schneider mat op de Wee ginn, eng weider Reform a puncto Steiere gouf ugeschwat, ma do stéing ee mat de Gespréicher awer eréischt ganz am Ufank. Wann een d'Steierrecetten an d'Progressioune fir déi nächst Joer kuckt, schéngt dat alles no Uewen ze goen. Alles anescht misst elo awer diskutéiert an decidéiert ginn, wouhinner een als Koalitioun wéilt goen.
Ëmmer nees gouf betount, datt déi konkret Punkten an den Aarbechtsgruppe wäerte beschwat ginn.
En Donneschdeg kommen aner Verwaltungen un d'Rei, do gëtt et zum Beispill Entrevue mat Responsabelen aus de Beräicher Gesondheet, Sécurité sociale an Ëmwelt. Och d'Patronat an d'Gewerkschafte si fir en Donneschdeg geruff.
De Roy Grotz mat engem Bléck op dës präzis orchestréiert Choreographie
En Zeenario, deen den dräi Verhandlungs-Leader Corinne Cahen, Felix Braz an Etienne Schneider net friem ass, op d'mannst sinn d'Beamten, d'Ministèren an d'Administratioune keng Friemkierper méi, déi ee muss nei entdecken, wéi 2013, mä et hëlt ee sech u sech nëmmen nach eng Confirmatioun vun deem, wat een ewell weess. Fir awer keng Faute de parcours ze maachen, defiléieren all déi grouss Verwaltungen, eleng dësen Dënschdeg net manner wéi 10, wou vill vill Chifferen op den Dësch kommen, fir op d'Basis vun deene kënnen e Regierungsprogramm ze skizzéieren, deen d'finanziell Strooss hält. En Dënschdeg ginn zum Beispill d'ADEM, d'Douanes, den Enregistrement an d'ITM empfaangen. Vill geet also Rieds iwwert d'Finanzplaz an d'Staatsfinanzen am Allgemengen.
Epauléiert ginn d'Delegatiounen duerch d'Viraarbechter vu net manner wéi 11 Aarbechtsgruppen, wouvunner déi Gréisst déi vun der Famill an dem Soziale grad wéi déi vun der Educatioun, Enfance, Jugend, Héichschoul a Recherche, dem Sport an der Kultur sinn.
Vetrieder vun de Big Four fënnt een dës d'Kéier keng an den Aarbechtsgruppen, mä an awer sinn extern Leit dobäi, déi op kenger Lëscht waren, mä den eenzele Parteien nostinn. De Gros bei deene Gréngen, déi iwwregens allgemeng déi gréissten Delegatiounen opgesat hunn.
E puer Beispiller: D'Ekonomistin a Finanz-Beroderin Doris de Paoli, den Tom Köller, Mataarbechter vum grénge Grupp am Europaparlament, de Member vu Cannamedica Bob Lessel, den Affekot René Diederich grad wéi de pensionéierte Beamten aus dem Fonction Publiques-Ministère Guy Wagener schaffe fir déi Gréng mat, den Theaterdirekter an Acteur Marc Limpach, déi fréier Staatsrotmember Viviane Ecker, den CHL-Direkter an aktuelle Vize-President vum Staatsrot Romain Nati fir d'LSAP.
Fir d'DP sinn de Fonctionnaire aus dem Konsumenteschutzministere Marc Fischer, de Jeff Feller aus der liberaler Fraktioun an den Dokter-Urgentiste Emile Bock an Aarbechtsgruppe mat dobäi.
An à propos Santé, d'LSAP huet ënnert hire 7 Memberen net d'Nach-Ministesch Lydia Mutsch nominéiert, fir dee Grupp, mä villméi den Ex-Minister Di Bartolomeo, et orientéiert ee sech ebe wuel och drun, wéi eng Score wien hat. Déi Aachtgewielt op hirer Lëscht schafft am Grupp fir Educatioun, Sport a Kultur mat. Den nach jonke grénge Regierungsmember Claude Turmes ass iwwregens direkt a 5 Aarbechtsgruppen aktiv, wougéint d'EU-Deputéiert Charel Goerens an Tilly Metz exklusiv am Grupp iwwer Aussen- an EU-Politik, Kooperatioun an Immigratioun vertruede sinn. D'Mady Delvaux iwwerdeem gouf vun der LSAP net matgeholl an en Aarbechtsgrupp.
Offiziell Matdeelung
Négociations de coalition - aspects logistiques et composition des délégations des groupes de travail
Communiqué par: Service information et presse du gouvernementLe formateur tient à préciser que les réunions plénières des négociations de coalition actuellement fixées se tiendront au ministère des Affaires étrangères et européennes, bâtiment Mansfeld (9, rue du Palais de justice).
Les dates retenues pour ces réunions sont:
- Mardi, 23 octobre (08 h 30 à 11 h 30 et 14 h 30 à 17 h 00);
- Jeudi, 25 octobre (10 h 00 à 17 h 00);
- Vendredi, 26 octobre (11 h 00 à 16 h 00);
- Mercredi, 14 novembre (09 h 00 à 17 h 00).
[...]
L'ordre de passage des interlocuteurs invités par le formateur est le suivant: Mardi, 23 octobre:
· Trésorerie de l'État
· Inspection générale des finances
· Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA
· Direction de la fiscalité
· Administration des douanes et accises
· Administration des contributions directes
· Institut national de la statistique et des études économiques du Luxembourg
· Inspection du travail et des mines
· Administration pour le développement de l'emploi
· Sujet «Place financière»: Trésorerie de l'État, Commission de surveillance du secteur financier, Commissariat aux assurances
Jeudi, 25 octobre:
· Inspection générale de la sécurité sociale
· Caisse nationale de santé
· Caisse nationale d'assurance pension
· Administration de la gestion de l'eau
· Administration de l'environnement
· Union des entreprises luxembourgeoises
· OGBL, LCGB, CGFP
Vendredi, le 26 octobre:
· Représentant permanent du Luxembourg auprès de l'UE
Mercredi, le 14 novembre:
· Banque centrale de Luxembourg
· Comité économique et financier national
D'Delegatioune vun de Parteie fir déi eenzel Aarbechtsgruppen
All Partei schéckt eng Partie Representanten an d'Aarbechtsgruppen. En fonction vum Dagesprogramm kann d'Kompositioun vun de Gruppen och nach änneren.
1) Finances publiques, Fiscalité, Développement de la place financière (et implications internationales & Brexit),
DP
Pierre Gramegna
Eugène Berger
Corinne Cahen
Patrick Goldschmidt
Claude Meisch
LSAP
Alex Bodry
Franz Fayot
Claude Haagen
Dan Kersch
déi gréng
Christian Kmiotek
Doris de Paoli
Henri Kox
Fränz Bausch
Claude Turmes
Charles Margue
2) Economie, Emploi, Compétitivité, Tourisme, Energie
DP
André Bauler
Corinne Cahen
Lex Delles
Joëlle Elvinger
Max Hahn
LSAP
Etienne Schneider
Tess Burton
Nicolas Schmit
Romain Schneider
Francine Closener
déi gréng
Claude Turmes
Stéphanie Empain
Charles Margue
Henri Kox
Roberto Traversini
Fränz Bausch
3) Social, Famille, Santé, Egalité des Chances
DP
Corinne Cahen
Gilles Baum
Emile Bock
Claude Lamberty
Stéphanie Obertin
Edy Mertens
LSAP
Mars Di Bartolomeo
Romain Schneider
Taina Bofferding
Tess Burton
Ginette Jones
Danielle Becker-Bauer
Romain Nati
déi gréng
Josée Lorsché
Sam Tanson
Martin Kox
Carlo Back
Marc Hansen
Djuna Bernard
Charel Margue
Gaby Damjanovic
Bob Lessel
4) Education, Sport, Enfance, Jeunesse, Enseignement supérieur et Recherche, Culture
DP
Claude Meisch
Guy Arendt
Lex Delles
Marc Hansen
Claude Lamberty
LSAP
Georges Engel
Tess Burton
Joanne Goebbels
Nicolas Schmit
Romain Schneider
Franz Fayot
Marc Limpach
Lydia Mutsch
déi gréng
Josée Lorsché
Christian Kmiotek
Sam Tanson
Djuna Bernard
Claude Turmes
Claude Adam
Tilly Metz
Stéphanie Empain
5) Etat, Institutions, Réforme administrative, Fonction publique, Protection des données
DP
Simone Beissel
Eugène Berger
Gusty Graas
Lydie Polfer
LSAP
Alex Bodry
Marc Angel
Mars Di Bartolomeo
déi gréng
Charel Margue
Henri Kox
Guy Wagener
Felix Braz
Sam Tanson
6) Développement durable, Climat, Protection des Ressources, Consommateurs, Agriculture
DP
Fernand Etgen
Marc Fischer
Gusty Graas
Max Hahn
LSAP
Georges Engel
Christine Schweich
Tess Burton
Romain Schneider
déi gréng
Carole Dieschbourg
Claude Turmes
François Benoy
Gérard Anzia
Henri Kox
7) Logement, Communes
DP
Frank Colabianchi
Lex Delles
Max Hahn
Marc Hansen
LSAP
Dan Kersch
Dan Biancalana
Mars Di Bartolomeo
Franz Fayot
Claude Haagen
déi gréng
Henri Kox
Roberto Traversini
Carole Dieschbourg
François Benoy
François Bausch
8) Politique internationale et transfrontalière, Europe, Coopération, Défense, Intégration, Immigration
DP
Eugène Berger
Corinne Cahen
Charles Goerens
Gusty Graas
Pierre Gramegna
LSAP
Jean Asselborn
Marc Angel
Mars Di Bartolomeo
Viviane Ecker
Romain Schneider
déi gréng
Claude Turmes
Tilly Metz
Stéphanie Empain
Tom Köller
Meris Sehovic
Roberto Traversini
9) Médias, Numérique, Digitalisation
DP
Marc Hansen
Jeff Feller
Marco Houwen
LSAP
Taina Bofferding
Franz Fayot
Lydia Mutsch
Nicolas Schmit
déi gréng
Sam Tanson
Christian Kmiotek
Claude Adam
Bob Reuter
Jessie Thill
10) Infrastructures, Aménagement du territoire, Mobilité
DP
Gusty Graas
Max Hahn
Marc Hansen
Lydie Polfer
LSAP
Dan Biancalana
Claude Haagen
Roger Negri
déi gréng
Fränz Bausch
François Benoy
Stéphanie Empain
11) Justice, Sécurité intérieure
DP
Guy Arendt
Simone Beissel
Lex Delles
Carole Hartmann
Lydie Polfer
LSAP
Dan Biancalana
Alex Bodry
Claudia Dall’Agnol
Christine Schweich
déi gréng
Felix Braz
Yves Wagener
René Diederich