9 Deputéiert kommen nei an d’Chamber sëtzen. Wien déi 9 sinn, datt gesitt Dir hei an der Serie "Nei Deputéiert".

Enn Oktober hu mir Iech moies um 6.50 Auer um Radio an owes um 19.30 Auer am Journal op der Tëlee déi 9 Deputéiert, déi fir déi éischte Kéier de Sprong an d'Chamber gepackt hunn, presentéiert. D'Serie ass e Méindeg den Owend ofgeschloss ginn, hei op RTL.lu fannt Dir all Radios- an Télésreportagen.

9. Deel: Viviane Reding (CSV)

Fir si ass et net déi éischte Kéier an der Chamber, mee och d’Viviane Reding gehéiert zu den 9 Deputéierten, déi en Dënschdeg nei um Krautmaart vereedegt ginn. Fir den Ofschloss vun eiser Serie ass et also de Portrait vun der 67 Joer aler CSV-Politikerin. Déi fréier EU-Kommissärin an CSV-Europadeputéiert ass Mamm vun 3 Jongen an e grousse Frënd vu Konscht a Bicher.

VIDEO-Serie: Nei Deputéiert - Viviane Reding vun der CSV
9 Deputéiert kommen nei an d’Chamber sëtzen. Wien déi 9 sinn, datt gesitt Dir hei an der Serie "Nei Deputéiert".
AUDIO: Portrait Viviane Reding - vum Claudia Kollwelter

D'Viviane Reding / © Claudia Kollwelter

8. Deel: Dan Biancalana (LSAP)

Hien huet 40 Joer an ass zënter 4 Joer Buergermeeschter zu Diddeleng. Nieft der Aarbecht versicht de Kriminolog, deen an enger agedroener Partnerschaft lieft, Zäit fir Sport a Kultur ze fannen. D'Claudia Kollwelter huet hien zu Diddeleng besicht.

VIDEO: VIDEO-Serie: Nei Deputéiert - Dan Biancalana vun der LSAP
9 Deputéiert kommen nei an d’Chamber sëtzen. Wien déi 9 sinn, datt gesitt Dir hei an der Serie "Nei Deputéiert".
AUDIO: Portrait Dan Biancalana - vum Claudia Kollwelter

Den Dan Biancalana / © Claudia Kollwelter

7. Deel: Marc Goergen (Piraten)

Hien ass ee vun den 9 neien Deputéierten, déi an d’Chamber sëtze kommen. An eiser Serie iwwert déi zukünfteg Parlamentarier ass et e Samschdeg um Portrait vum Marc Goergen vun de Piraten. Hien huet 33 Joer, ass Generalsekretär vun der Partei an e gebiertegen Péitenger. Zënter dem leschte Joer ass hie Gemengeconseiller.

VIDEO: VIDEO-Serie: Nei Deputéiert - De Marc Goergen vun de Piraten
9 Deputéiert kommen nei an d’Chamber sëtzen. Wien déi 9 sinn, datt gesitt Dir hei an der Serie "Nei Deputéiert".
AUDIO: Portrait Marc Goergen - vum Claudia Kollwelter

De Marc Goergen

6. Deel: Charles Margue (Déi Gréng)

Zanter 1999 war hien Direkter vun TNS ILRES. Ufank dës Joers koum dunn d'Nouvelle, datt hie Kandidat bei deene Gréngen wier an en Dënschdeg gëtt de Charles Margue als ee vun den 9 neien Deputéierten an der Chamber vereedegt. An eiser Serie war et deemno um Freideg de Portrait vum 62 Joer alen Demograph, Maart a Meenungsfuerscher, deen d'Säite gewiesselt huet.

VIDEO: Serie "Nei Deputéiert": Charles Margue (Déi Gréng)
Zanter 1999 war hien Direkter vun TNS ILRES. Ufank dës Joers koum dunn d'Nouvelle, datt hie Kandidat bei deene Gréngen wier.
AUDIO: Portrait Charles Margue - vum Claudia Kollwelter

De Charel Margue / © Claudia Kollwelter

5. Deel: Georges Mischo (CSV)

Zanter zejoert ass hie Buergermeeschter zu Esch a wäert donieft an Zukunft als Deputéierten um Krautmaart sëtzen. De Georges Mischo vun der CSV ass de Fënneften vun den 9 Deputéierten, déi nei an d'Chamber kommen. Zanter 2011 ass den 43 Joer ale Familljepapp bei der CSV, war jorelaang Turnproff an och soss sportlech vill aktiv.

VIDEO: Serie "Nei Deputéiert": Georges Mischo (CSV)
Zanter zejoert ass hie Buergermeeschter zu Esch a wäert donieft an Zukunft als Deputéierten um Krautmaart sëtzen.
AUDIO: Portrait Gorges Mischo - vum Claudia Kollwelter

De Georges Mischo / © Claudia Kollwelter

4. Deel: Sven Clement (Piraten)

Hien ass ee vun de Grënner vun de Piraten a wuel dat Gesiicht, dat een als éischt mat der Partei associéiert. Fir säi Portrait huet d'Claudia Kollwelter hien am Bambësch getraff.

VIDEO: Serie "Nei Deputéiert": Sven Clement (Piraten)
Hien ass ee vun de Grënner vun de Piraten a wuel dat Gesiicht, dat een als éischt mat der Partei associéiert ...
AUDIO: Portrait Sven Clement - vum Claudia Kollwelter

De Sven Clement / © Claudia Kollwelter

3. Deel: François Benoy (Déi Gréng)

Zanter 2011 ass hie bei deene Gréngen engagéiert, zanter 2013 am Stater Gemengerot an elo ass en an d'Chamber gewielt ginn. De François Benoy ass den drëtten vun den 9 neien Deputéierten an der Chamber, dee mer portraitéieren. D'Claudia Kollwelter huet hien dobaussen an der Natur begéint.

VIDEO: Serie "Nei Deputéiert": François Benoy (Déi Gréng)
Zanter 2011 ass hie bei deene Gréngen engagéiert, zanter 2013 am Stater Gemengerot an elo ass en an d'Chamber gewielt ginn.
AUDIO: Portriat François Benoy

De François Benoy / © Claudia Kollwelter

2. Deel: Paul Galles (CSV)

Säi Liewenswee ass wuel den aussergewéinlechsten vun den Deputéierten. De Paul Galles ass zanter 2 Joer an der CSV, ass fir d'éischt Kéier mat an d’Chamberwale gaang, an direkt op de Krautmaart gewielt ginn. Nach virun 8 Joer hat de Paul Galles awer ganz aner Iddien. War du Paschtouer, ier en dee Beruff un de Nol gehaang huet, fir sech am soziale Beräich nach méi z’engagéieren. An eisem zweete Portrait iwwert déi 9 nei Deputéiert an der Chamber huet d’Nadine Gautier de Stater Gemengeconseiller begéint.

VIDEO: Serie "Nei Deputéiert": Paul Galles (CSV)
Säi Liewenswee ass wuel den aussergewéinlechste vun den Deputéierten. De Paul Galles ass zanter 2 Joer an der CSV a fir d'1. Kéier mat an d’Chamberwale gaang.
AUDIO: Portrait Paul Galles - vum Nadine Gautier

De Paul Galles / © Nadine Gautier

1. Deel: Jeff Engelen (ADR)

7 Mol ass de Jeff Engelen als Kandidat mat an d’Chamberwale gaangen. 1989 déi éischte Kéier. Elo huet de Jeff Engelen vun der ADR et gepackt. Mat 65 Joer sëtzt hien déi éischte Kéier um Krautmaart. An eiser Serie iwwer déi nei Deputéiert an der Chamber kucke mir op den zukünftegen Nord-Parlamentarier, op seng Passioun an op de Wee an d’Partei an duerno an d’Parlament.

VIDEO: Serie "Nei Deputéiert": Jeff Engelen (ADR)
9 Deputéiert kommen nei an d’Chamber sëtzen. Wien déi 9 sinn, dat gesitt Dir an den nächsten Deeg an der Serie "Nei Deputéiert".
AUDIO: Portrait vum Jeff Engelen / Reportage Nadine Gautier

De Jeff Engelen / © Nadine Gautier

Iwwerbléck vun der Serie

19. Oktober: Jeff Engelen (ADR)
22. Oktober: Paul Galles (CSV)
23. Oktober: François Benoy (Déi Gréng)
24. Oktober: Sven Clement (Piraten)
25. Oktober: Georges Mischo (CSV)
26. Oktober: Charles Margue (Déi Gréng)
27. Oktober: Marc Goergen (Piraten)
28. Oktober: Dan Biancalana (LSAP)
29. Oktober: Viviane Reding (CSV)