Ënnert dem Motto "Mäi Quartier. Meng Wënsch." hunn tëscht Mee a Juli dëst Joer iwwer 1.000 Leit un enger Ëmfro deelgeholl.

Et ware Leit, déi zu Esch wunnen, schaffen oder heiansdo do op Visitt sinn, déi un där Ëmfro deelgeholl hunn.

D'Gemeng Esch hat nieft engem Froebou och Workshoppen, Stadspadséiergäng a Konferenzen organiséiert, fir gewuer ze ginn, wou de Schong an der Minettmetropol dréckt.

Wat sinn de Leit hir Doleancen a Punkto Sécherheet, Hygiène, Mobilitéit, Stadbild, Wunnen, Geschäftswelt, Demographie a Gesellschaft?

De 5. Dezember 2018 ginn déi gebündelt Meenungen an entspriechend Moossnamen an engem Dokument mat 140 Punkte verëffentlecht. En Donneschdeg schonn hunn d'Gemengeresponsabel vun Esch-Uelzecht déi Haaptresultater vun der Biergerbedeelegung presentéiert.

Doraus geet ervir, dass d'Leit sech weider Bänken, Planzen, Dreckskëschten an ëffentlech Toiletten an der Uelzechtstrooss wënschen, méi Mixitéit vum Commerce, eng besser Beliichtung owes, besser Ubannungen vum ëffentlechen Transport a méi informativ Parkleitsystemer.