Den Internetgigant huet e Méindeg de Moien an engem offizielle Communiqué matgedeelt, dass d'Autoe vu Google Street View nees am Grand-Duché zirkuléieren.

D'Biller, déi am Oktober 2014 opgezeechent goufen, sollen aktualiséiert ginn. Besonnesch viséiert sinn d'Stroossen tëscht de Stied am Land, déi mat den 360 Grad-Kamerae sollen aktualiséiert ginn, wéi et heescht.

AUDIO: Google Street View/Reportage Maxime Gillen

Ronn 3 Woche laang fueren elo erëm d’Autoe vu Google duerch Lëtzebuerg a maache Fotoe vun de Stroossen an der Landschaft ronderëm. Als Benotzer kann een da per Mausklick kucken, wéi et an de Stroosse vum Grand-Duché an op der ganzer Welt ausgesäit.

Op den Autoe vu Google sinn 360-Grad-Kamerae montéiert, déi Biller vun der aktueller Landschaft maachen, wärend den Auto duerch d’Stroosse fiert. D’Kamera mécht lauter eenzel Fotoen, déi sech alleguer e bëssen iwwerschneiden. Dës ginn dann zu enger grousser Panoramafoto vun 360 Grad zesummegesat. Déi Aarbecht iwwerhuelen Algorithmen, déi d’Iwwergäng esou ausgläichen, dass den Notzer herno e gläichméissegt Bild gesäit.

Ier Google Street View zu Lëtzebuerg awer zougelooss gouf, huet d’Entreprise eng Rei Konditioune missen erfëllen. Den Thierry Lallemang, Dateschutz-Kommissär bei der Commission nationale pour la protection des données CNPD erkläert: “Mir hate se deemools gestoppt. 2009 hu se ugefaange Biller ze huelen, déi awer eréischt 2014 online gaange sinn. Et war awer net nëmme Lëtzebuerg, dat do e Problem hat. Et waren d’Dateschutz-Autoritéiten am Allgemengen. Mir haten deemools och eng gemeinsam Positioun ausgeschafft, wou all Land bei sech gekuckt huet, dass déi agehale ginn. An dat huet esou laang gedauert, bis Google dat respektéiert huet.”

Fir d’Privatsphär vun de Leit ze schützen, ginn all d’Gesiichter an d’Autosplacken, déi mat opgeholl goufen, flou gemaach. Sollt um Enn awer eng Foto online sinn, op där ee selwer, e Member vun der Famill oder d’Plack vum eegenen Auto nach kloer ze gesinn ass, kann een dat bei Google mellen.

“Wann ee elo awer gesäit, dass iergend ee Gesiicht oder eng Plackennummer erkennbar ass, da kann een dat mellen. Dat kann all Mënsch maachen, dat geet ganz einfach op hirem Site an dann ännere si dat och.”

Et kann een och froen, dass d’Fassade vun engem sengem Haus flou gemaach gëtt. D’Biller, déi elo zu Lëtzebuerg gemaach ginn, ginn an den nächste Méint traitéiert an dann op Street View eropgelueden. Google Street View gëtt et elo schonns zanter 2007 an ass entre temps a 86 Länner disponibel.

Offiziellt Schreiwes:
D'Autoe vum Google Street View besiche Lëtzebuerg fir eng Mise à jour

Lëtzebuerg, den 29 Oktober 2018. Fir d'éischte Kéier zanter dass Google Street View am Oktober 2014 am Groussherzogtum Lëtzebuerg lancéiert gouf, zeechnen d'Street-View-Autoen erëm d'Kaarte vum Stroossennetz zu Lëtzebuerg op, mam Zil eng grëndlech Mise à jour vun de Biller ze maachen, déi et scho ginn, fir et de Benotzer nach méi einfach ze maachen, ze zirkuléieren an d'Benotzerfrëndlechkeet vun der App ze verbesseren. 

Vun haut u maachen d'Autoe vum Google Street View den Tour duerch de Grand-Duché. Si hunn 360°-Kameraen, fir all nei Biller vun der aktueller Landschaft ze späicheren, besonnesch d'Stroossen tëschent de Stied am Land. An deenen nächste Méint ginn d'Biller dann traitéiert an op Street View eropgelueden.

Wéi fonctionnéiert dat?

Fir dat bescht méiglecht Resultat z'erreechen, passen d'Chauffeure vun den Autoen extra op verschidden Detailer op, zum Beispill op d'Wieder an d'Verkéierssituatioun. Déi genee Positioun vun all Bild ass e wichtegen Deel vun der Aarbecht, deen duerch déi vill Sensoren um Auto, déi de GPS, d'Vitesse an d'Richtung erfaassen, sécher gestallt gëtt. Doduerch kann een déi genee Route, déi en Auto gewielt huet, rekonstruéieren a falls néideg d'Biller beaarbechten an openeen ofstëmmen.

Fir verschidde Fotoen zu enger Panoramafoto vu 360° zesummen ze setzen, maachen e puer Kameraen, déi niewentenee stinn, Fotoen, déi sech liicht iwwerschneiden, an déi dono zu engem eenzelen 360°-Bild zesumme gesat ginn. D'Algorithmen, déi d'Biller verschaffen, sinn extra dofir entwéckelt ginn, a gläichen d'Ränner an Iwwergäng aus, fir dass de Benotzer e gläichméissegt Bild gesäit. Zousätzlech ginn et nach dräi Lasersenoren um Auto, déi d'Surface oftaaschten, fir 3D-Strukture besser kartographéieren ze kënnen, zum Beispill Autoen, Haiser a souguer Bréifkëschten. Fir méi iwwer dë Prozess vu Google Street View gewuer ze ginn, klickt hei.

Duerch d'ganz Welt mat nëmmen engem Klick

Google Street View gouf 2007 lancéiert an ass elo an 86 Länner disponibel: vun der Arktis bis an d'Antarktis, mat allen Awunner, wéi zum Beispill de Pinguinnen. Fir dee bescht méigleche Service ubidden ze kënnen, investéiert Google dauernd a verschidde Mise à jouren a Verbesserunge vun de Biller op Street View, a wäert dat och an Zukunft weider maachen.