Op der Gare falen déi éischt Beem

Zënter e Méindeg léisst Luxtram an der Neier Avenue schaffen. Et sinn Aarbechten, déi deen eigentleche Schantje fir deen neien Tracé virbereeden.
An déi Aarbechte lafe parallel zu deene vun der Stäreplaz a Richtung Stadkär. Dass dat fir de Cachet vun der Neier Avenue näischt Guddes heescht, ass gewosst. En Dënschdeg sinn dann och déi éischt Beem gefall an domadder ass den Tram um sensibelsten Deel vu sengem Tracé ukomm.
Am Fréijoer ware se nach esou just dovu komm, well d'Gäertner ausgebucht waren, mä en Dënschdeg koume se der Motorsee net méi aus de Féiss. Prunus Serrulata a Platanus stéieren, hënneren, stinn op elektresche Kabelen a soss Gedeessems: Den Tram schafft sech lues a lues virun, Direktioun Gare. D'Direktioun Luxtram léisst op e puer Plaze schaffen an éischt Platanen a Japanesch Kiischtebeem falen. D'Geschaffs an der Neier Avenue ass lancéiert. De Luxtram-Generaldirekter André von der Marck schwätzt vun 3 verschiddene Chantieren.
9 Méint daueren dës Preparativen, dat heescht: D'Avenue, esou wéi ee se kennt, fält fir dëse Chrëschtdag wuel aus, d'Beem kommen zwar nëmmen no a no fort, mä dofir bal all, bis op 10 Stéck, déi op Uespelt plënneren. An dat wieren, sou krute mer erkläert, keng vun der Paräisser Plaz, mä déi stengen tëscht Spuerkeess an Arbed.
Kee Kommentar en Dënschdeg vum Knuedler, weder vun der Buergermeeschtesch, nach vum zoustännege Schäffen, mä och kee vun den iwwer 2.000 Signatairë vun enger Petitioun vun Ugangs des Joers géint d'Ofholze vun der Neier Avenue huet nach eng Kéier protestéiert. Mä de Mënsch vergësst gär an et gi jo neier gesat, RTL-Informatioune no wéilt d'Buergermeeschtesch erëm Platanen hunn.
D'Zukunft mam Tram - Simulatiounen




