Dës Woch an der Allerhellegevakanz waren 130 jonk Schüler am Konzentratiounslager vun Auschwitz.

D'Associatioun "Témoins de la deuxième Generation" organiséiert sou Studiereesen zanter Joren.

"Et ass immens schwéier, dat Ganzt a Wierder ze faassen. Et ass immens krass, wat een do gesäit": Sätz erausgepickt aus de Reaktioune vun de Schüler.

1940 - 1945. Bannent 5 Joer stierwen eng Millioun 100.000 Männer, Fraen, Kanner zu Auschwitz. Dorënner eng 1.200 Lëtzebuerger.
Zwangsaarbecht, Honger, Krankheeten a virop de systematiséierten Doud.

Markéiert huet d'Schüler déi lescht Deeg een Ament: Den Temoignage vum haut 92 Joer ale Paul Sobol. Dee mat 18 Joer, op Auschwitz deportéiert gouf.

Dem Henri Juda seng Mamm huet d'Strapazen am Lager iwwerlieft. Béid Grouss-Mammen huet hien net kannt. Allebéid sinn zu Auschwitz gestuerwen. Haut zitt deen 71 Järegen den Hutt, virun deene Jonken an hire Pedagogen déi d'Rees op sech huelen. Et wier wichteg d'Fro vun ''de Verhalensmustere vun enger Gesellschaft vis à vis vu Minoritéiten'' ze thematiséieren.

Och zu Lëtzebuerg géif et 'Lieu de Memoire' wéi d'Klouschter vu Fünfbrunnen.