Den Nicolas Schmit huet RTL confirméiert, datt hien net méi an der nächster Regierung ass, hie wëll EU-Kommissär ginn.

Viru ronn 4 Woche gouf gewielt, d'Koalitiounsverhandlunge lafen op Héichtouren a werfen natierlech e sëlleche Personalfroen op - an dat queesch duerch d'Parteien: Wie mécht wat an Zukunft respektiv wie mécht wat an Zukunft net?

D'LSAP mécht do keng Ausnam, de Ruff no enger personeller Erneierung vun der Partei ass net ze iwwerhéieren. Muncher ee schwätzt souguer vun enger "Kris", an där d'Partei géif stiechen.

Bei de Sozialiste lafen dann och ewell d'Personaldiskussiounen: Aktuell geet et ëm de Poste vum nächsten EU-Kommissär. RTL-Informatiounen no ginn et dofir direkt zwee Interesséierter.

"Net méi an nächster Regierung, wëll EU-Kommissär ginn"

"Ech sinn net méi an der nächster Regierung, ech wëll EU-Kommissär ginn." Déi kloer Ausso staamt vum Nicolas Schmit. Den LSAP-Spëtzekandidat aus dem Oste war formell, wéi RTL e Freideg de Mëtteg nogefrot huet. Ob et nach een anere Kandidat aus de sozialistesche Reie fir dee Poste gëtt, wollt den Nicolas Schmit net kommentéieren. Falls et awer nach ee Kandidat géif ginn, da verlaangt hien eng Ofstëmmung. An anere Wierder: Da misst d'Partei decidéieren!

RTL

Wëll op Bréissel: den Nicolas Schmit.

RTL-Informatiounen no ass den Nicolas Schmit effektiv net deen eenzege Politiker aus der LSAP, dee sech fir den EU-Kommissär interesséiert. Och den LSAP-Spëtzekandidat selwer, den Etienne Schneider, wier nämlech gewëllt, déi national Politikzeen ze verloossen a géint déi europäesch Polit-Bühn ze tauschen.

Match Schmit-Schneider?

Verschidden LSAP-no Sourcen hunn RTL géintiwwer den Interessi vum Etienne Schneider u Bréissel confirméiert a vun engem "Match Schmit-Schneider" geschwat. Dovu wollt den Nicolas Schmit awer näischt wëssen.

RTL

Wëll, wéi et schéngt, och op Bréissel: den Etienne Schneider.

Eng Entscheedung an der Personalfro schéngt awer imminent an en Auswee, dee jiddereen zefriddestellt, muss d'LSAP an am Fong och déi envisagéiert Dräierkoalitioun egal wéi fannen, well d'Majoritéit an der Chamber ass eng hauchdënn - all Stëmm zielt.

Zur Erënnerung: D'Sozialisten haten de 14. Oktober 3 Sëtz verluer, hunn der nach just 10 um Krautmaart, an am Bezierk Zentrum hat den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider ronn 2.800 Stëmme verluer a war an der Wielergonscht just op déi 13. Plaz komm.

"Mir sinn ons all an der Partei bewosst, dass et 5 vir 12 ass", hat d'Joanne Goebbels de leschte Mëttwoch beim Caroline Mart an der Emissioun "Kloertext" gesot. Grad och déi gestane Politiker wéissten, datt et a 5 Joer eriwwer wier, wann näischt géif geännert ginn. Dofir hat d'Joanne Goebbels, déi jo och an de Koalitiounsverhandlunge mat derbäi ass, am "Kloertext" och déi eng oder aner personell Iwwerraschung an Aussicht gestallt.

AUDIO: D'Joanne Goebbels iwwer d'LSAP

Wéi et schéngt, ass déi dann och grad am Gaangen, sech ze konkretiséieren ...

RTL

D'Joanne Goebbels / © Eric Steichen