D'Regierung soll Gemenge méi systematesch consultéieren
Besonnesch wichteg wier dëst dem Gemengesyndikat no, wann et ëm d'Ausschaffe vu Gesetzer a Reglementer geet.
"Mir musse méi Gewiicht an de Gespréicher mat der Regierung kréien", dat fuerdert de Gemengesyndikat Syvicol. De President Emile Eicher verlaangt méi strukturéiert a méi reegelméisseg Gespréicher mat all de concernéierte Ministeren, dee Moment wou de Syvicol vun engem Gesetz oder engem Reglement betraff ass. Kloer Fuerderungen un déi nächst Regierung huet de Gemengesyndikat awer och a Punkto Fusiounen a Logement.
An déi Fuerderunge sinn zum Deel Widderhuelungen aus der Vergaangenheet. De Syvicol war nach ëmmer fir d'Gemengefusioune seet de President Emile Eicher, mä d'Gemenge misste méi ënnerstëtzt ginn. D'"Cellule indépendante - fusion" déi ee viru 6 Joer hat, hätt ganz gutt funktionéiert. D'Gemengen hätten dës Cellule gären zeréck. Sech zesummen un en Dech ze setzen a Léisungen ze siche géif hei kloer méi Sënn erginn.
En éiwegt Suergekand och vun de Gemengen ass dann de Logement. Et wier een sech bewosst, datt och si do e wichtege Rôle ze spillen hunn. Et hätt een näischt géint eng "Mission obligatoire", fir dann zesumme mam Staat kënnen de Logement ze fërderen. Besonnesch beim Loune géifen et 2 Méiglechkeete ginn: d'Subventionéierung bei de Gemengen nach méi eropsetzen oder sech duerno um Defizit bedeelegen.
De Syvicol begréisst d'Mesuren déi geholl goufe fir eng "Simplification administrative", mengt awer och, datt déi nei Regierung weider doru schaffe misst, zum Beispill a Punkto Digitalisatioun, ma och am Fonctionnement vun den interne kommunalen Administratiounen, sou nach den Emile Eicher.