D'Apemh appelléiert un d'Verhandlungsdelegatiounen am Hibléck op eng nei Regierung och fir eng koherent Politik vum Handicap ze suergen.

Prioritéit sinn do de Volet vun der Begleedung beim Wunnen, enger qualitativ héichwäerteger Formatioun an dem Accès zum Aarbechtsmaart. D'Leit mat engem Handicap missten och ënnert anerem vum jéngsten Alter un déi néideg Begleedung kréien.