Et ass ewell en halleft Johrhonnert hier, dass sech um Cents eng Partie Leit fir eng EEGE Kierch um Plateau staark gemat hunn.

De Gesang mä virun allem d'Oeuvres paroissiales wollten eraus aus Schoulsäll a Garagen an och fort vun der Grënnescher Kierch an hiert eegent doheem. 1968 goung et lass, 1976 hat een nieft engem Terrain och den Accord vun der Gemeng an och d'Verfechter vu Logementsprojeten, déi do wollte bauen, wou haut d'Kierch steet, haten no ginn. Viru genee 40 Joer, ass Chrëschtdag um Cents déi éischt richteg hellech Mass gefeiert ginn, mä schonn eleng d'Maueren, d'Fënsteren an allgemeng den Design vun der Centser Kierch loossen haut nach kaum ee kal.

AUDIO: Centser Kierch - Reportage Monique Kater

Salve - Veni Sancte Spiritus - Credidimus Caritati - Hoffnung, Espérance, Spes - Freude Schoener Goetterfunke - an dat sinn d'Buschtawen, d'Wieder an d'Sätz nach laang net all. Verspillt kënnt en engem vir, de Bannenan vun der Kierch, wéi wann ee sollt verféiert ginn, no engem Message ze sichen, matzen am giel an orange vun der Sonn.

Esou onattraktiv a gro d'Eglise du Saint Esprit vu bausse wierkt, esou waarm kënnt engem de Raum hannert dësen decke Betonsmauere vir. Dat ganzt ass einfach ee grousse Widdersproch an déi kal Matière wat Glas nunmol ass, mécht duerch de Faarwenduercherneen aus dem enorme Sall an dësem Gebai aus brutalisteschem Beton, eng Plaz wou ee gären e bësse bleift, fir ze kucken a vläicht och ze lauschteren.

Méi wéi eng vun dëse Stëmmen ass houfreg op hier Centser Kierch, de Marc Jeck ass et och, houfreg a nach bal méi begeeschtert vun deem Ganzen. Mir nennen dat elo emol: Phänome Centser Kierch an de Marc Jeck, hie schwäermt!

Enn de 60er, Ufank de 70er goung een nach net op de Wee Richtung Kierch, et war éischter Krisestëmmung. Ma d'Awunner haten sech zesummegedoe mat hirem deemolege Paschtouer.

Et ass een op den éischte Bléck begeeschtert iwwert déi vill Konschtwierker, déi Gebai huet. Fir 500 Leit ass hei Plaz, an déi déi kommen, kréien deemno wéi de Wiedergott drop ass, e Spektakel gebueden, dat sech weise léist. Hei goufen deemools vill Gelder gesammelt, fir en héichwäertege Mobilier an d'Gebai ze kréien, virun allem natierlech d'Kierchefënsteren, déi de Charme heivunner ausmaachen.

Abstraktes mat reliéisem zesummebréngen, dem Theo Kerg, dee fir d'kënschtleresch Gestaltung zoustänneg war, ass dat gelongen. Hei falen och déi hëlze Statuen an d'A, déi aus dem Südtiroul kommen. Spéitgotesche Stil, ganz am Kontrast zu deem méi modernen Interieur.

Eng Architektur Typesch fir d'60er a 70er un déi ee sech och zu Lëtzebuerg um Cents  erugewot huet. 3 dimensional Schéinheet och bannenan, Friemes Ongewinntes mee och Heemleches, eng Kierch eben net wéi déi aner.

Weisen doe mer iech se e Sonndeg am Journal vun Télé Lëtzebuerg.