Op Uerder vum Procureur huet d’Police e Freideg den Owend an der Stad an zu Alzeng Alkoholkontrollen duerchgefouert.

175 Chaufferen hu misste blosen. Just een Eenzegen hat ze vill gedronk, awer och net därmoosse vill, dass en de Permis direkt hätt missten ofginn.