De Kulturministère huet nämlech d’lescht Woch scho säi Feu Vert ginn, fir d’Kärenhal nieft dem Silo ofzerappen.

Via Arrêté gouf festgehalen, d’Hal erëm vum Inventaire Supplémentaire erofzehuelen, wat bedeit, dass den Nationale Schutz hei net méi gëllt.

Domadder ass dann och dee leschten Architektur-Zeien aus der Ära Mathias Berns a Bauerenzentral condamnéiert, a mat hir e Stéck Lëtzebuerger Industriepatrimoine.

D’Responsabilitéit schéngt dann och integral beim Mierscher Schäffen- a Gemengerot ze leien, dee sech weigert, de PAP z’iwwerschaffen.

AUDIO: Interview mam Buergermeeschter vu Miersch, Michel Malherbe
AUDIO: Interview mam Charel Schmit, dee sech fir d'Kärenhal asetzt

Dat war et dann elo wuel, mam Site vun der Landwirtschaft zu Miersch...d'Bauere selwer hate sech och net gewiert - et kéim bestëmmt och weider kee protestéieren, wann de Bagger bis do ass...

Deen Datum hu mer bis ewell net erausfonnt.

VIDEO: Elo offiziell: Kärenhal wäert fir ëmmer verschwannen
De Kulturministère huet nämlech d’lescht Woch scho säi Feu Vert ginn, fir d’Kärenhal nieft dem Silo ofzerappen.