Ob Planetary Resources, Join, Encevo, Google oder Galvalange, d'CSV huet d'Gefill, de Wirtschaftsminister dréckt sech laanscht seng Informatiounsflicht.

Der CSV no géif de Wirtschaftsminister refuséieren, mat oppene Kaarten ze spillen. D'Oppositiounspartei huet e Mëttwoch de Mëtteg fir d'zweet bannent enger Woch ganz schaarf géint den Etienne Schneider geschoss. Dee wier als Minister net méi drobar an enger Regierung soulaang et keng Opklärung, Transparenz a Kloerheet an all dësen Dossieren gëtt, sou den CSV-Spriecher Claude Wiseler e Mëttwoch.

VIDEO: CSV: "Etienne Schneider als Minister net méi tragbar"
Ob Planetary Resources, Join, Encevo, Google oder Galvalange, d'CSV huet d'Gefill, de Wirtschaftsminister dréckt sech laanscht seng Informatiounsflicht.

D'CSV stéiert sech drun, datt den Etienne Schneider hiren Deputéierten, wann iwwerhaapt, nëmme ganz lapidar op parlamentaresch Froe geäntwert huet an e richtegen Debat mat den Deputéierte bis ewell refuséiert huet. D'Oppositiounspartei freet konkret, datt de Wirtschaftsminister an de Postdirekter an d'Presidentekonferenz kommen, fir am Dossier "Join" Ried an Äntwert ze stoen. Hei wiere via d'Post 100 Milliounen Euro ëffentlech Gelder an de Sand gesat ginn. Dat sinn 8 bis 10 Maisons Relaisen huet de Laurent Mosar de Verglach gezunn.

Ganz grav fënnt den CSV-Deputéierten dann och dat, wat hien elo rezent am Dossier Planetary Resources erausfonnt huet. D'Regierung hätt via d'SNCI virun zwee Joer an eng Offshore-Gesellschaft am Delaware investéiert, zu engem Ament, an deem d'Panama Papers schonn an der Aktualitéit waren. Dat wier sécher schlecht fir de Ruff vun der Finanzplaz. A wat soen déi sozialistesch Kollegen, wéi den Dan Kersch an de Franz Fayot dozou, a wat seet d'Carole zu esou Investitiounen?

Dat géif d'CSV nawell brennend interesséieren.

De Wirtschaftsminister reagéiert

Op eng vun de parlamentaresche Froen, koum kuerz no der Pressekonferenz iwwregens d'Äntwert vum Wirtschaftsminister. De Laurent Mosar an d'Diane Adehm haten am Dossier Planetary Resources d'Urgence nogehaakt. Den Etienne Schneider hat wéinst der unerkannter Urgence och nëmme bis e Mëttwoch Zäit fir z'äntweren.

An enger schrëftlecher Reaktioun schreift hien nach emol, datt de Staat via déi sougenannten SAAM Sàrl 11,98 Milliounen Euro a Planetary Resources investéiert huet an d'Sàrl deemno sou vill och hänke gelooss hätt. Dës Sàrl wier zanter dem 22. Oktober net méi Aktionär an der Space-Mining-Firma. Déi intern Prozedur wier de 5. Oktober lancéiert ginn, dat heescht also kuerz virun de Walen an déi verschidden Decisioune wieren duerno am Laf vum Mount Oktober geholl ginn. De Verwaltungsrot vun der SNCI gouf de 25. Oktober vun der definitiver Sortie vun der Sàrl aus dem Kapital vu Planetary Resources informéiert.

Ob den Etienne Schneider weist, firwat d'Kritik vun der CSV sech rezent esou op seng Aarbecht fixéiert hätt, hat ee Journalist gefrot. A senger Äntwert, betount de Minister, d'CSV hätt besser gehat virun de Walen Oppositioun ze maachen, amplaz duerno.

AUDIO: Den Etienne Schneider

Firwat d'CSV sech doru steiert, dass d'Firma Planetary Resources hire Siège am Delaware hätt, versteet de Ekonomiesminister net. Ëmmerhin huet jo och d'Entreprise Dupont hire Siège op der Plaz. Hie wéilt transparent schaffen, esou den Etienne Schneider nach, ma all Kéiers wann eng parlamentaresch Fro beäntwert géif, kéim erëm eng nei zum selwechte Sujet no. De Problem wär elo, dass et keng Chamberkommissioune méi gëtt. Et ass een elo jo an enger Period tëscht zwou Regierungen. Wann et elo schonn eng Wirtschaftskommissioun géing ginn, géif hien dohi goen. Ma hie kéint nawell net iwwert d'Investitiounspolitik vun onofhängege Firme schwätzen, esou den Wirtschaftsminister Etienne Schneider nach.

No de Koalitiounsverhandlungen sot den zoustännege Minister géintiwwer der Presse zum Dossier Join, dass hie just kéint soen, dass dat eng Investitioun war, déi d'Post gemaach hätt, an d'Post géif do net den zoustännege Minister ëm Erlaabnis froen. D'Post wier komplett autonom ze decidéieren a wéi eng Firmaen si investéiert. Et wär deemno un der Post, fir Positioun ze huelen, esou den Etienne Schneider. De Wirtschaftsminister huet um Mëttwoch iwwerdeems Récksprooch mam Generaldirekter vun der Post dem Claude Strasser geholl. Deen hätt him gesot, sou den Etienne Schneider, d'Argument vun der CSV, mam Investissement an d'Firma Join wären 100 Milliounen Euro Perte gemaach ginn, net haltbar wier. De Claude Strasser hätt him confirméiert, dass et Problemer mat der Firma Join ginn hätt. An hie géif och Stellung dozou huelen.

Am RTL-Interview huet de Claude Strasser du betount, dass hie mat rouegem Gewësse kéint soen, dass d'Suen net an de Sand gesat gi wieren. De Grupp Join hätt bis elo keng Perte an Héicht vun 100 Milliounen bei der Post generéiert, sou de Generaldirekter.

Et war iwwerdeems nach d'Präzisioun vum Etienne Schneider, dass hie weder vun der Post, nach vun der Enovos, nach vun der Spuerkeess oder soss engem Betrib, bei deem de Staat Aktionär ass, géif fir Investitioune gefrot ginn. Déi Betriber wären alleguer autonom. Si missten awer d'Responsabilitéit huelen, wann eng Kéier eppes net esou sollt klappen, esou nach de Wirtschaftsminister.