E Samschden ass et esou wäit, da ginn d’Diere vun der Expogast op an dat schonns fir déi 13. Kéier.

De Vatel Club Lëtzebuerg, de Club vun de professionelle Käch hei am Land, huet dës Foire zesumme mat anere Partner organiséiert. Fir d’éischt 1972 am Casino an der Ënneschtgaass an der Staat. Déi lescht Editioune waren ëmmer an de Foireshalen.

Dëst Joer ass d’Gastronomiefoire mat zäitgläich der Weltmeeschterschaft am Kachen esou grouss ewéi nach ni. 4 eidel Hale ginn ëmgewandelt, fir de Visiteuren déi neisten Trends aus dem Gastronomiesecteur ze weisen an den internationale Kachconcours kënnen ofzehalen. Fir de Fränk Rippinger, Chef vum Ingenieursdepartement vun der Luxexpo the box, war eng vun de gréissten Erausfuerderungen d’Technik. Et sinn 12 grouss Kichen installéiert ginn. Dofir huet ee missten extra Waasser- a Stroumleitunge leeën an d‘Kiche mat allem, wat eng industriell Kichen esou brauch, equipéieren. Zousätzlech musse se all genau identesch sinn, fir dass all d’Ekippen déi selwecht Viraussetzungen hunn während der Kompetitioun. Den Alain Hostert betount, dass een hei mat déi gréisste Kompetitiounskichen opbaut, déi op internationalem Niveau esou ze fanne sinn. D’Organisateure vun anere Kachconcourse kéimen extra op Lëtzebuerg, fir sech hei ze inspiréieren. Nieft de Kiche gëtt awer och vill wäert drop geluecht, fir an de groussen Halen eng gemittlech Restaurantsatmosphär ze kreéieren. “Et ass an et bleift eng Hal” seet den Alain Hostert. Woubäi d’Organisateure sech all méi ginn, fir gutt ze dekoréieren.

Eng Hal ass ganz fir de gréisste Lëtzebuerger Liewensmëtteldistributeur reservéiert. En halleft Joer am viraus hu si an hiren Atelieren d’Dekomaterial a Stänn gebaut. Eng Honnert Leit hunn dobäi gehollef. “Et ass schonn e groussen Opwand” seet de Camille Studer, Matbegrënner vun der Provençale. Et wéilt een de Leit Produite weisen, déi se normalerweis am Buttek net gesinn. Ewéi fir déi aner Exposanten ass dëst eng gutt Vitrinn, fir ze weisen, wat de Lëtzebuerger Gastronomiesecteur alles ze bidden huet.