Am „European Convention Centre“ um Kierchbierg leeft en Donneschden eng Konferenz mat Workshoppen iwwer d'Technologie vum 5G.

Scho vun nächstem Joer un a bis 2021 soll op verschiddene 5 Pilot-Plazen am Land de 5G Reseau agefouert ginn. Fir dës Technologie virun ze bréngen, sëtzt d'Regierung dofir mat dëser Konferenz op den Dialog mam Industrie-Secteur, mat klengen a mëttlere Betriber, ma och mat lokale Communautéiten a mat Privat-Persounen. Zil ass et, éischt Pilot-Projete fir dës 5 Zonen z'identifizéieren.

AUDIO: 5G-Konferenz um Kierchbierg - Reportage Annick Goerens

D'Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung ass deemno am Accord mat den Ziler vun der europäescher Kommissioun, fir de 5G bis 2020 an op d'mannst enger Stad an all Memberland anzeféieren. Den Ament gehéiert Lëtzebuerg zu den am beschte connectéierte Länner, op Plaz 2 hannert Holland, betount de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. An et wär wichteg de 5G anzeféiere, fir mam Fortschrëtt vun der Technologie Schrëtt  ze halen an sech net vun anere Marchéen iwwerhuelen ze loossen.

De Premierminister Xavier Bettel weider: "Et ass och eng Fro vu Souveränitéit. Ech wëll net dass, an e puer Joer aner Länner, duerch eng digital Agenda,  iwwer dat decidéieren, wat eis Bierger maache kënnen. Dat ass de Grond firwat ech wierklech mengen, dass mer an Europa den digitale Bannemaart brauchen. Méi séier wéi bis ewell. An mir brauchen och eng 5G Strategie. Ech sinn éiergäizeg fir mäi Land. Mä ech hoffen och, dass mäin Kontinent éiergäizeg ass, well tëscht Asien an den USA well ech net erdréckt ginn."

5G géing awer net just heeschen, de GSM-Reseau fir d'Smartphone méi performant ze maachen. "T'ass vill méi wei dat. T'ass de Reseau vum "Internet der Dinge". T'ass d'Connectivitéit. T'ass, fir dass d'Applikatiounen an all Domainer méiglech ginn: an eisen Haiser, an eisen Autoen, an der Gesondheet, an der industrieller Produktioun,  an am Kulturberäich an sou weider", esou de Xavier Bettel.

Natierlech géingen et och Ängschte ginn, wat d'Aféiere vum 5G ugeet an do misst een éierlech sinn, erkläert de Premier: "Haut ginn et Aarbechten, déi et Muer vläicht net méi ginn. Mir musse preparéiert sinn. A wat mäin Zil ass, och fir déi nächst 5 Joer, ass, dass mir versiche prett ze si, fir déi nächst Zort Aarbechten déi entstinn. Ech wëll keng Aarbechtsplaze verléieren."

Dës Konferenz ass also souzesoen als Startschoss ze gesinn, fir déi 5G-Pilotprojeten d'nächst Joer ze lancéieren. Et sollen also och éischt Kooperatiounen tëscht den eenzele Partner entstoen.