Zu Lëtzebuerg goufe lescht Joer ëm 350 Männer mat Prostate-Kriibs diagnostizéiert an domadder ass dës Krankheet beim Mann mat Ofstand déi Heefegsten.

D'Populatioun gëtt am Duerchschnëtt ëmmer méi al an dowéinst ginn et och ëmmer méi Männer, déi hei am Land dës Diagnose gestallt kréien. Et ass also net vu Muttwëll, dass déi lescht 2 Joer dorunner geschafft gouf fir den éischten nationale Prostatakarzinom-Zentrum am Spidol Robert Schuman um Kierchbierg opzebauen.

AUDIO: Nationalen Zentrum fir Prostatakriibs - Rep. Annick Goerens

D'Zuele schwätze fir sech. Et gëtt e Besoin fir dësen Zentrum, wou Experten zesummeschaffen, fir d'Betreiung vum Prostate-Kriibs. Dofir hunn d'Hopitaux Robert Schuman zesumme mam nationale Gesondheetslaboratoire LNS an dem Centre National de Radiothérapie François Baclesse vun Esch een Zentrum opgebaut, den elo no 2 Joer vun der Däitscher Kriibsgesellschaft zertifiéiert gouf, well en bei iwwer 120 Critèrë Excellenz erfëllt.
Wat genee bréngt de Patienten dann esou een Zentrum?

De Coordinateur Dokter Patrick Krombach erkläert: "Et ass een Team vun Dokteren, déi sech mat der Prostate ausernanersetzen. Dat heescht, dass net just den Urolog,  et ass den Onkolog, de Strahlentherapeut, et ass de Patholog. A mir hunn zesummen eng Struktur erschafft, wou mer no de modernsten a strengste Standarde schaffen, déi et gi vun der "Deutschen Krebsgesellschaft". A mir ginn och all Joer iwwerpréift. An domat maache mir den Diagnostik, d'Prise en charge an de Suivi vu Patiente mat Prostata-Karzinom. An domat si mir déi Éischt an der Groussregioun, déi sou eng Struktur opgebaut hunn."

D'Zil vum Zentrum ass et natierlech, fir d'Mortalitéit vum Prostate Kriibs weider ze reduzéieren, ma och fir d'Waardezäit vum Patient ze verkierzen.

"All Fall muss, wéi et och am Lëtzebuerger "Plan Cancer" gefuerdert ass, an enger Reunioun de concertation pluridisciplinaire  beschwat ginn. Och dat maache mir. Mir maachen der souguer méi wéi gefuerdert. Dat heescht mir hunn eng d'Woch fir déi nei Fäll, fir dass et net virkënnt, dass Mëttwochs een en Diagnostik krut an dann op e Méindeg an engem Mount muss waarden, bis d'Reunioun ass. Nee, dat géif een Delai bréngen. Dat heescht och do hu mer mussen organiséieren, dass mir all Woch eng Reunioun hunn, fir dass d'Patiente schnell an hir Therapie kommen."

E weidere Virdeel ass, dass den Zentrum immens spezialiséiert ass.

"Et mécht net méi jiddereen alles, mee déi, di et am Beschte kënnen, kucken och déi schwiereg Etappen ze maachen. Ech schwätzen hei gären zum Beispill eis Operatiounen un, déi da gemaach gi vu Leit, déi dat net just 100x gemaach hunn, mee 1000x."

Den Aspekt vun der Qualitéit ass am Prostatakarzinomzentrum och immens wichteg, betount den Dokter Patrick Krombach.

"Déi Qualitéitscritèren, déi si ganz streng. Och mir hunn eis do richteg missen ustrengen an eiser Equipe. Dat ass net just de Chirurg, dat ass och d'Preparatioun, dat ass och de Suivi. A mir hunn schonn eppes erreecht. Beim Prostate-Kriibs gëtt vill iwwer Erektioune geschwat, do sinn Nerven nieft der Prostate, déi mussen erhale ginn, bei enger Operatioun. A mir erhalen déi elo, wann ëmmer et méiglech ass. Dat ass e Qualitéitscritère, dee mir musse beweisen. Mir hunn et och schonn an den 2 Joer, wou mer elo schonn am Gaang sinn, gepackt, d'Fäll, wou mer d'Tumeur konnte komplett eraushuelen, also den Taux z'erhéijen."

Donieft sinn d'Dokteren an dem Zentrum och un d'Formatioun continue gebonnen, fir sech ëmmer nees an hirem Domaine weider z'entwéckelen a besser ze ginn. Am Zentrum selwer schaffen iwwregens tëscht 25 an 30 Dokteren an 2017 goufen 145 Patienten do traitéiert.