Wat huet d'Ëmweltbeweegung an engem hallwen Joerhonnert erreecht, wéi eng Dossieren hunn d'Organisatioun am meeschte beschäftegt?

Lëtzebuerg am Dezember 1968: Zwee kleng Veräiner grënnen de Virleefer vum Mouvement écologique. D'Amis de la Nature vun Ettelbréck an eng Stater Jugendsektioun vun der Natur- a Vulleschutzliga decidéieren, fir zesummen en neie Veräin ze grënnen.

An den Ufanksjore war d'Associatioun alles anescht wéi politesch engagéiert. Fir d'Membere stounge just d'Erliewen an d'Erfuersche vun der Natur am Mëttelpunkt. Eréischt 1973, wéi d'Regierung d'Pläng vun engem Atomkraaftwierk zu Rëmerschen presentéiert, gëtt d'Organisatioun gesellschaftspolitesch aktiv.

Am Reportage kucken mir drop zréck, wat d'Ëmweltbeweegung an engem hallwe Joerhonnert erreecht huet. An de 70er huet een ugefaang, géint Atomkraaft op d'Strooss ze goen, de sauere Reen an d'Bëschstierwe waren en Thema an den 80er. Spéider huet ee sech fir de Recycling an d'Energiespueren agesat.

Den Réckbléck, deen en Dënschdeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg gelaf ass, ass elo am Replay op RTL.lu.

De Matbegrënner a laangjäregen éischte President vum Mouvement écologique, Théid Faber, ass e Mëttwoch de Moie kuerz no 8 Auer den Invité vun der Redaktioun op RTL Télé Lëtzebuerg.