D'Patientevertriedung ënnerstëtzt d'Asbl "Lipödem Lëtzebuerg" an hirer Fuerderung no méi Hëllef fir déi Betraffen.

Lipödem muss als Krankheet unerkannt ginn. Dofir kämpft d'Asbl Lipödem Lëtzebuerg. Zanter bal zwee Joer gëtt et dës Associatioun elo an an där kuerzer Zäit hätt se scho vill erreecht, huet e Mëttwoch och d'Patientevertriedung op enger Pressekonferenz ënnerstrach. Ma um Zil ass een awer nach net ukomm.

AUDIO: Unerkenne vu Lipödem als Krankheet: Rep. Sam Rumé

Lipödem ass eng Krankheet, bei där sech defekt Fettzellen un de Been an un den Ärem usammelen. Déi Plaze ginn doduerch ëmmer méi déck an di wéi. Virun allem Frae si vun där chronescher Krankheet betraff, déi ee weder mat der Ernärung, nach mat Sport bekämpfe kann. Nieft der Péng mussen déi betraffe Fraen och mat de schife Blécker vun de Leit liewen. Ma Lipödem Lëtzebuerg hätt scho vill Opklärungsaarbecht gemaach, sou d'Géraldine Flammang, Presidentin vun der Asbl.

D'Krankheet muss medezinesch behandelt ginn, dacks ass eng Operatioun déi eenzeg Léisung. Déi kann awer bis zu 6.000 Euro kaschten. Och do hunn d'Géraldine Flammang an hir Associatioun erreecht, datt d'Krankekeess en Deel zréckbezilt fir Operatiounen, Collanten a Lymphdrainagen.

Lymphdrainagen, dat si Massagen, déi d'Zellgewebe oplackere sollen. Där kann een antëscht 24 verschriwwe kréien an et kritt ee 70 % dovun zréckbezuelt. Ma Leit mat Lipödem brauchen 2 bis 3 esou Massagen d'Woch, wouduerch trotzdeem zolidd Käschten zesummekommen. Och déi speziell Collante kaschten tëscht 500 a 700 Euro. D'Krankekeess iwwerhëlt de Gros, ma just vun zwee Collanten d'Joer.

Allgemeng sinn d'Patientevertriedung a Lipödem Lëtzebuerg houfreg op dëse Progrès, ma optimal ass d'Hëllef nach net. Souguer d'Doktere wieren nach net all opgekläert iwwert d'Krankheet, wouduerch se a ville Fäll net déi richteg Diagnos maache géifen. Sou weess een och net genee, wéi vill Fäll et zu Lëtzebuerg gëtt. An Däitschland gëtt geschat, datt eng vun zéng Frae betraff ass.

RTL

© Sam Rumé